
Zu Esch an der Henri-Koch-Strooss war e Freideg géint 23 Auer e Camion am Zickzack ënnerwee. D'Police gouf geruff. D'Beamten hunn d'Gefier um Enn an der Rue Marcel Reuland lokaliséiert. De Chauffeur war hannert dem Steier ageschlof. Wéi d'Beamten hien erwächt hunn, huet hie sech iwwerginn. De Mann huet refuséiert, fir en Alkoholtest ze maachen. D'Gefier gouf immobiliséiert. Géint de Chauffeur gouf et elo provisorescht Fuerverbuet.
Och zu Dikrech, zu Stroossen an zu Déifferdeng goufe Chauffere gepëtzt, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten an hire Permis hu mussen ofginn.
An der Nuecht op e Samschdeg goufen op zwou Plazen an der Stad Autoe muttwëlleg beschiedegt. Dat an der Rue Raspert zu Weimeschkierch, wou 6 Autoe viséiert waren, an och op engem Parking an der Rue Stavelot am Pafendall, hei goufen 8 Autoe beschiedegt. Am Ganzen hunn also 14 Gefierer Schued gelidden. Ënner anerem goufe Spigelen a Wischeren ofgebrach.
Zu Nidderkuer an der Lonkecher Strooss gouf et e Freideg am fréien Owend eng Ausenanersetzung tëscht engem Mann an enger Fra, bei där béid Persoune liicht verwonnt goufen. E Passant hat intervenéiert. D'Police huet de Mann méi spéit bei sech doheem lokaliséiert, hie war alkoholiséiert. Et huet sech erausgestallt, datt dee Mann wéinst enger anerer Saach gesicht gouf. Hie gouf mat op de Büro geholl, huet sech awer ënnerwee dohinner zimlech gestallt, hie wollt ënner anerem en Zeie schloen an hien huet de Beamte gedreet.
E Freideg den Owend géint 22 Auer gouf an der Avenue Monterey an der Stad e jonke Mann attackéiert, vun enger Grupp vu 5 Männer. D'Affer gouf liicht verwonnt an huet mussen an d'Spidol. D'Täter hu sech iwwer d'Place d'Armes duerch d'Bascht gemaach.
E Freideg de Mëtteg sinn zwee Brigangen an eng Residenz zu Dippech an der Lëtzebuerger Strooss agebrach - iwwerdeems de Mann, deen do gewunnt huet, an der Schlofkummer geschlof huet. Duerch de Kaméidi ass e waakreg ginn an huet d'Täter in flagranti iwwerrascht. Déi sinn direkt ugedréckt, de Bewunner hannendrun, ma a Richtung Schuller huet en se dunn aus den Ae verluer. D'Police konnt se och net méi lokaliséieren.
An der Nuecht op e Samschdeg gouf et dunn nach en Abroch zu Clierf an enger Residenz um Huserknapp.