
Virun engem gudde Joer, Ufank Mäerz 2018, ass déi nei Busgare um Kierchbierg opgaangen. Zanterhier huelen all Dag e sëlleche Leit hire Bus op der Säit baussent der Gare op den Arrêten Hugo Gernsback oder Circuit de la Gare oder awer an der Gare, wou et eng ganz Rëtsch Quaie gëtt.

An awer: D'Busgare ass alles anescht ewéi fäerdeg, wat een net nëmmen dorunner gesäit, datt nawell schéin an d'Héicht gebaut gouf, ma och duerch e Kran, deen zanter e puer Deeg nieft dem Gebai am Circuit de la Foire steet. A well et do méi enk laanschtgeet, suergt dat reegelméisseg fir kleng Problemer am Trafic, fir vum Kierchbierg erofzekommen.
Wat iwwer der Gare routière grad fäerdeggebaut gëtt, ass e Park&Ride mat 500 Plazen. Wéi dat eemol ausgesi wäert, weist d'Fotoe uewen. Aktuell gesäit een op den éischte Bléck, datt do nach dru geschafft gëtt. Ufank 2020 dierft d'Parkhaus opgoen.
D'Gare routière bilt zesumme mam Tram, Haltestell Luxexpo, de d'Pôle d'échange Luxexpo, well een eben hei mam Auto/Vëlo/Bus/Tram ukomme kann an dann säin Transportmëttel wiesselen a säin Trajet mat Tram/Bus/Vëlo/Auto fortsetze kann.
Op der ganzer Streck vum Tram si jo 9 esou d'Pôle-d'échangë virgesinn.
Bis 2021/2022 soll jo déi komplett Linn vum Tram vum Findel bis op d'Cloche d'Or prett sinn.
