Op Distanz fir Exame léierenE Portrait vun enger Premièresschülerin

Caroline Mart
Déi, déi um Punkt sinn, se ze verloossen, sinn also déi éischt, déi nees zeréck däerfen an d’Schoul: d’Schüler vun den Ofschlossklassen.
null
Déi déi um Punkt sinn, se ze verloossen, sinn also déi éischt déi nees zeréck däerfen an d’Schoul: d’Schüler vun den Ofschlossklassen.

Hannert hinne leie Woche vun Onsécherheet, mat uganks der Fro, ob et iwwerhaapt en Exame gëtt a vill ëmorganiséieren, fir vun doheem aus ze schaffen. Net evident, grad wann et esou e wichtege Moment ass.

D’Caroline Mart war bei eng Schülerin heem an de Gaart, fir op Distanz ze filmen, wéi dat geet, op Distanz fir de Premièresexamen ze léieren.

D’Sarah Thoss: All moies um 8 Auer hu mir sou e Klassenchat an da schreiwe mir sou Froen dran an da mierkt ee wierklech, dass der eng Partie och gutt derbäi sinn. Mir hunn e puer Proffen, déi sech wierklech immens fir eis engagéieren a mat eis Videochatte maachen oder op Facebook mat ons verbonne sinn, och wann et net nëmmen iwwer Schoulsaachen geet, si se do fir eis. An dann hu mir och aner Proffen, déi dat mindest maachen.

Dofir gëtt et awer vill spontan Aktiounen wéi zum Beispill vun enger Partie Studenten.

D’Sarah Thoss: dat si Studenten, déi sech zesummegedoen hunn, fir de Primaner Nohëllef a verschiddene Fächer ze ginn, dat ass immens immens léif, dat schätzen ech ganz vill.

Wien dat eegestänneg Léiere bis elo net kannt huet, huet séier misse méi Eegeninitiative a Selbstdisziplin léieren, mä de Confinement huet och seng gutt Säiten.

D’Sarah Thoss: Also fir mech huet et relativ vill geännert, well d’Zäit virum Shutdown hat ech nach ganz vill aner Saachen nieft der Schoul an ech hunn net esouvill geléiert, wéi ech hätt sollen. Elo am Shutdown hunn ech mir virgeholl, ze profitéieren, lo wou mir méi Zäit hunn an ech näischt aneres maache kann.

Wat awer bleift, ass, dass op Première den Drock méi héich ass.

D’Sarah Thoss: Ech fannen, et ass en héijen Drock, haaptsächlech am Ufank vum Joer weess de jo guer net, wat op dech zoukënnt. An et ass och vill méi. Dacks wann ee léiert, dann ass et fir déi Prüfung an dann duerno eriwwer.

Net jidderee kann ënnert sou gudde Konditioune wéi d’Sarah léieren. Am Gaart a mat enger Famill, déi et ënnerstëtzt. Ongläichheete ginn an der Kris nach verstäerkt an trotz Hotlinen ass et grad bei psychologesche Problemer net einfach, sech Hëllef ze sichen.

D’Sarah Thoss: Dass een net wierklech eppes seet derzou, well een entweder denkt, all déi aner hunn dee selwechte Problem oder well ee sech net traut, well do ass sou eng Hemmschwell, déi een net onbedéngt iwwerwanne wëll oder sech traut se ze iwwerwannen, dat heescht mir hunn Hëllef, mee et ass schwéier op se zouzegoen.

Back to Top
CIM LOGO