CGDISE puer Accidenter an e puer Bränn um Méindeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et op eise Stroossen zu e puer Tëschefäll mat Blesséierten. Op 2 Plazen hat et e Méindeg de Moie gebrannt.
© RTL Archivbild

Géint 6.45 huet zu Kielen an der Zone d'Activité e Container gebrannt, ëm déi selwecht Zäit stoungen tëscht Gräisch an Tënten Botten a Flamen.

Um 7.37 Auer hu sech zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss en Auto an e Moto ze pake kritt. Hei ass Kengem eppes geschitt.

Um Houwald krute sech kuerz no 9 Auer zwee Autoen ze paken. Hei gouf och kee blesséiert.

Géint 10.20 Auer gouf et en Accident zu Bieles an der Escher Strooss tëscht enger Camionnette an engem Auto. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO