VIDEO: Quartier UelzechtE Samschdeg gëtt de Leit de Site Esch-Schëffleng méi no bruecht

RTL Lëtzebuerg
Mam Projet “Quartier Uelzecht” wëll de Gestionnaire Agora op de Friche vun Esch/Schëffleng eng Mixitéit schaffen.
© RTL Archiv

Op deem 62 Hektar grousse Site sollen an Zukunft ënnert anerem Wunnengen, Büroen a Geschäfter entstoen. Den Ament schaffen international Experten u Pläng, fir de Site z’entwéckelen. E Samschde gëtt dann och e Biergerdag organiséiert, wou d’Leit de Site méi no bruecht kréien.

An deem neie Quartier sollen ënnert anerem Wunnengen, Büroen a Geschäfter entstoen a ronn 20.000 Leit liewen a schaffen. D’Zil wier et eben eng Populatioun dohinner ze kréien, déi do wunnt a schafft, esou déi Responsabel. Fir d’Frichen z’entwéckelen, konnte sech eng 40 international Gruppe vun Experte mellen. 4 vun deene goufen zréckbehalen, déi elo bannent enger Woch, zesumme mat der Populatioun, Pläng ausschaffen.

Et wéilt een e nohaltege Quartier schafen, wou ee genee esouvill Energie produzéiert, wéi ee consomméiert. Och wat d’Mobilitéit ugeet, wëll een nei Weeër goen. Ënnert anerem sollen e neien Zucharrêt, grad wéi zentral Parkhaiser gebaut ginn. Och de séieren Tram tëscht Esch an der Stad soll dohi fueren. Et misst een allerdéngs a Phase virgoen.

2040 soll de Quartier fäerdeg sinn. E Samschdeg gëtt dann och e Biergerdag organiséiert, wou d’Leit d’Stolwierk a Friche kennen entdecken an de historesche Kontext vum Site méi no bruecht kréien. Iwwer 140 Joer gouf um Site Esch/Schëffleng Industriegeschicht geschriwwen.

Ronn 3.000 Aarbechter hunn um Site hiert deeglecht Brout verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO