"From the river to the sea ..."E Slogan, dee fir Kontroverse suergt

Fanny Kinsch
Diana Hoffmann
“From the river to the sea, Palestine will be free”. – Iwwersat: “Vum Floss bis bei d’Mier, Palestina wäert fräi sinn”.
E Slogan, dee fir Kontroverse suergt
De Slogan fir e fräit palestinensescht Vollek suergt besonnesch am Ausland fir Kontroversen.

De Slogan fir e fräit palestinensescht Vollek suergt besonnesch am Ausland fir Kontroversen.

E Slogan, dee fir Kontroverse suergt / Reportage Diana Hoffmann

An Däitschland huet rezent den Inneministère de Slogan verbueden. Dat well en als Kennzeeche vun der Hamas an der Organisatioun Samidoun ze verstoe wier. Zu Wien gouf eng Maniff verbueden, well en op engem Flyer stoung. Ma och hei zu Lëtzebuerg wëllt een en net op Maniffen héieren oder gesinn.

De Slogan gëtt et schonn eng länger Zäit. An de 60er Jore gouf en da vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun PLO gepräägt. Deemools huet dës sech fir d’Eliminatioun vun Israel agesat. Méi spéit awer fir eng Zwou-Staate-Léisung. Wéi een d’Wierder kann ausleeën, ënnerscheet sech awer.

“Wa Palestina vum Mëttelmier bis zum Jordanfloss geet, da gëtt et kee Staat Israel méi. An dee Moment gëtt et en Opruff, de Staat Israel ze zerstéieren», ënnersträicht de Bernard Gottlieb, President vun der Rial, der Associatioun, déi antisemittesch Virfäll hei am Land registréiert. Soss kéint ee jo och muer Opruffen, Liechtenstein oder Lëtzebuerg ze zerstéieren.

Fir de Slogan géingen et awer och aner Interpretatioune ginn, erkläert d’Nathalie Oberweis, vum Comité pour une paix juste au proche orient, déi d’Maniffe fir e Waffestëllstand am Noen Osten um Weekend organiséieren. Et géing eben ëm d’Gebitt vun Israel an de palestinensesche Gebidder. «Et kann een u sech vun engem Staat de facto schwätzen. De ganzen Territoire vum Mier bis bei de Floss ass u sech een duerchgoenden Territoire, wou déi israeelesch Arméi an d’Regierung d’Kontroll huet», erkläert d’Nathalie Oberweis. An dësem Sënn wier de Slogan als Opfuerderung ze verstoen, d’Diskriminéierung vun dem palestinensesche Vollek ze stoppen.

Trotzdeem géing een op de Maniffen intervenéieren, fir de Slogan ze ënnerbannen. De Comité pour une paix just au proche orient huet dëst decidéiert, well d’Hamas deen och benotzt, an domat eng Zerstéierung vun Israel envisagéiert. «Wichteg wier, wa se net just géinge schwätzen a soen, antisemittesch Parollen net ze akzeptéieren. Mee da solle se eppes dofir maachen», fënnt de President vun der Rial. Eng Kritik, déi d’Nathalie Oberweis net hihëlt: «Alles wat iergendwéi an d’Richtung vu Rassismus oder Antisemitismus geet, ass natierlech bei eis absolut ënnerbonnen. Sachant, dass wann Dausend Leit dosinn, et net ëmmer evident ass, all eenzele Sproch ze verstoen oder en direkt ënnerbonnen ze kréien.» Op de Maniffe wier och e Service d’Ordre vum Comité pour une paix juste au proche orient dobäi, dee kontrolléiert, wat gewisen a geruff gëtt. Verschidde Membere géingen deemno och Arabesch verstoen.

D’Police sot op Nofro hin, dass d’Maniffe bis elo roueg verlaf wieren a keng besonnesch Virfäll am Bezuch op den Ordre public an d’ëffentlech Sécherheet festgestallt goufen. Wann awer en Doute iwwer Zeechen oder Parole géing bestoen, géing dat an engem Rapport oder Procès-Verbal un d’Justizautoritéite festgehale ginn. Bis elo wier eng Plainte wéinst dem Slogan gemaach ginn. Vum Parquet heescht et, et géing au cas par cas gekuckt ginn. Wann et zu Poursuitte kéim, bléif dono nach ze gesinn, wéi d’Riichter doriwwer befannen.

Back to Top
CIM LOGO