
An heivir gouf déi 14 Méint al Malinois-Hondsmadamm Arina* iwwer ronn 4 Méint an Zesummenaarbecht mat der Hondsstaffel vun der Lëtzebuerger Police ausgebilt.
Wärend der Formatioun goufen dem Arina vun November 2022 bis Februar 2023 d’Grondprinzippien am Ëmgang mat Sprengstoff nom momentanen EU-Standard bäibruecht, dorënner d’Verhalen fir eppes unzeweisen oder och nach d’Erkenne vu verschiddene Sprengstoffzorten.

Den “EU-Mine Detection Dog Project”
Zil vum Trainingsprogramm, un deem sech niewent dem Grand-Duché och Malta, Éisträich, Finnland an d’Belsch bedeelegen, ass et, speziell forméiert Hënn op e spéideren Asaz am ukrainesche Krichsgebitt virzebereeden. Do wäerten dës Hënn dobäi hëllefen op Felder a Gefierer, a Ruinen, a Stied an a ländleche Géigende Sprengstoff a Minnen opzespieren an onschiedlech ze maachen.
Am Kader vum Projet gi bis 2025 am Ganze 50 nei Sprengstoff-Hënn fir den Asaz am Kader vum Neesopbau vun der Ukrain ausgebilt, dorënner 2 weider Malinois-Hondsmadammen, déi mam Support vun der Hondsstaffel vun der Lëtzebuerger Police ënnert de selwechte Konditioune forméiert, a viraussiichtlech Enn Oktober un d’Ukrain weidergeleet ginn.
*de Mupp huet net 14 Joer, wéi uganks gemellt, ma Méint.