Ma et ginn och Leit, där hir Pensioun trotz Aarbecht net duer geet, fir um fräie Marché ënner Dag ze kommen. Eng Méiglechkeet kann do dat sougenannten intergenerationellt Wunne sinn, wou Jonker an Aler zesummeliewen an iwwer staatlech Subventioun abordabel Loyere garantéiert sinn, ma bis ewell bleift et do bei enger Hand voll Projeten, déi der Demande net gerecht ginn. Mir hunn eis esou e Méigeneratiounenhaus ugekuckt.
Zu Veianen huet d’ASBL Cohabit’Age en eidelt Eefamilljenhaus ëmgebaut an 2 Appartementer a 6 Studioen. An engem Appartement wunnt zanter 3 Joer de 70 Joer ale Jos Kohl, nodeems hien aus senger baufälleger Wunneng eraus huet missen. Fréier war hie Parachutist an der franséischer Arméi, ma dass seng Pensioun net géing duergoen, fir um fräie Marché ze lounen, hat hie sech net erwaart: “Si froe jo scho 1.400 Euro fir en Zëmmer a 4 Méint Kautioun. Mat enger klenger Rent geet dat net op, wann Dir dann nach krank gitt a bei den Dokter musst fir 150 Euro; dat geet net op”.
Am Ufank war de Bail fir 3 Joer virgesinn, ma an Tëschent kënnen d’Bewunner op onbegrenzten Zäit do wunne bleiwen.
Am Méigeneratiounenhaus bezilt de Jos Kohl elo 725 Euro mat Chargë fir eng 50 Quadratmeter. Hien huet säint eegent Räich mat Kichen a Buedzëmmer, deelt d’Gemeinschaftsraim awer mat méi jonke Leit, déi aus hirer Heemecht hu misse flüchten. Esou huet hie seng Rou, awer och Gesellschaft, wann en dat wëllt.
Ee Stack iwwert dem Jos Kohl wunnt de Marwan Al Majed aus Syrien, dee virun 8 Joer virum Biergerkrich fortgelaf ass. Hei zu Lëtzebuerg huet hien elo d’Protection internationale a kréich den RMG, um fräie Marché hätt hien näischt fonnt. Seng 25 Quadratmeter ginn him aktuell duer, nach huet hie keng eege Famill. Wann hie sech géing emol bestueden, géif hien awer wëlle plënneren. Am léifste wéilt hien e Coiffeurssalon opmaachen, wéi virdrun a Syrien. Dat interkulturellt Zesummeliewen tëscht Jonk an Al géif funktionéieren, sou géing hien dem Jos Kohl eng Hand upaken, an ëmgekéiert géing deen hie bei senge Lëtzebuergesch-Coursen ënnerstëtzen.
D’Initiativ gëtt ausgebremst
D’Méigeneratiounenhaus huet d’ASBL Cohabit’Age iwwert e Prêt finanzéiert, 75% goufe vum Staat iwwerholl, 12,5% vun der Fondation Grand-Duchesse Charlotte, ausserdeem krute si deelweis e méi avantagéisen Taux. Trotzdeem ass et bis ewell bei dësem éischte Projet bliwwen - engersäits wéinst den aktuell héijen Tauxe fir e Prêt, ma an de Gemenge géif et och administrativ Hürden.
Ganzer 30 Eefamilljenhaiser mat iwwer 300 Quadratmerer Wunnfläch ware si an der Lescht kucken, ma d’Gemenge wéilten dacks keng Reaffektatioun maachen, fir dass do méi Wunnenge kënnen entstoen. “Et ass dacks e Problem vum PAG; zum Beispill sinn dann zwou Parkplaze virgeschriwwe pro Wunneng oder si muss op d’mannst 40 Metercarré hunn. Dat mécht de Projet dann direkt vill méi deier an et gëtt schwéier en ze finanzéieren”, erkläert de Xavier Iaru vu Cohabit’Age. D’ASBL freet sech dann och, firwat Studioe fir jonk Leit onbedéngt 40 Metercarré mussen hunn.
Ausserdeem wéilt net jidderee Flüchtlingen oder finanziell manner gutt opgestallte Leit an der Noperschaft - och dat wier leider eng Realitéit zu Lëtzebuerg. Leit wéi de Jos Kohl an de Marwan Al Majed allerdéngs sinn op esou Initiativen ugewisen. De Jos Kohl laacht: “Mech kréie se just nach mat de Féiss no vir hei eraus!”