Äerzbëschof Hollerich"Ech wëll mech vun déifstem Häerz bei allen Affer entschëllegen"

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet sech d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg iwwer de sexuelle Mëssbrauch an der Kierch geäussert.
Kathoulesch Kierch entschëllegt sech bei Affer
En Donneschdeg huet sech d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg iwwer de sexuelle Mëssbrauch an der Kierch geäussert.

"Ech wëll mech als alleréischt vun déifstem Häerz bei allen Affer entschëllegen." Dat sot den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich en Donneschdeg am Nomëtteg op der Presentatioun vun de Mëssbrauchsfäll an der kathoulescher Kierch zanter 2011. 24 Fäll vu sexueller Gewalt goufen an deenen 8 Joer bei der Ulafstell vun der Kierch gemellt.

An den allermeeschte Fäll ware Männer oder Jonge concernéiert, an dat an de Joren 1950 bis 1979. 21 Affer waren zu der Zäit vun de Fäll mannerjäreg. 11 Affer waren erréischt maximal 11 Joer jonk. A 15 Fäll gouf eng 'Unerkennung vum erliddene Leed' vu 5000 Euro un d'Affer ausbezuelt.

D'Kierch an de Mëssbrauch: Rep. Joël Detaille

Den Äerzbëschof huet de Point gemeet iwwert d'Konferenz de leschte Weekend am Vatikan, wou Representanten aus 190 Länner beim Poopst waren, fir iwwert de Mëssbrauch bannent der kathoulescher Kierch ze beroden.

Et wier wichteg gewiescht, dass de Poopst kloer gesot huet, dass esou Verbriechen net ze toleréiere sinn.

De Jean-Claude Hollerich gesäit d'Konferenz dohier, trotz der deels grousser internationaler Kritik, och als en Erfolleg. Kee kéint elo méi soen, en hätt näischt iwwert all déi Fäll gewosst.

Bedaueren deet den Äerzbëschof awer, dass keng Afferverbänn bei der Konferenz zu Roum zougelooss waren. Hie selwer hätt sech awer op der Plaz mat villen Affer ënnerhalen an et wiere ganz emouvant Temoignagë gewiescht.

Hie wier och weiderhin all Zäit bereet, sech mat Affer ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO