Schouljoer 2021/22Educatiounsministère notéiert liicht Baisse beim Décrochage scolaire
Manner Schüler hunn de Lëtzebuerger Schoulsystem ouni Diplom oder Certificat verlooss. Am Schouljoer 2021/22 waren et 8,19%.
D’Joer virdru waren et 8,38%, 2019/2020 waren et allerdéngs just 7,05%. Déi europäesch Ziler géingen domadder agehale ginn. Vun de 1.767 Schüler, déi d’Schoul verlooss hunn, hu sech der 316 duerno nees ageschriwwen.
Liest hei de Rapport vum Educatiounsministère