
Déi war nämlech der Meenung, datt vill verschidden Indicateuren agesat goufen, fir d’Aarmut, den Aarmutsrisiko an d’Entwécklung vun deenen hei zu Lëtzebuerg ze moossen. An hirer Etüd huet dofir d’Chambre de Commerce eng eegen Analyse virgeholl. Dobäi koum eraus, datt 5 Gruppe Leit an der Haaptsaach vun der Aarmut zu Lëtzebuerg betraff sinn. Et sinn dat d’Kanner (1) aus Stéit, déi ee schwaachen Educatiounsniveau an auslännesch Originnen hunn. Donieft betrëfft et Erwuessener, déi Monoparentaux sinn oder Familljen (2), wou vill Kanner dra liewen. Och jonk Erwuessener, déi net schaffe ginn (3) an eeler Aarbechter, déi hir Plaz verluer hunn (4) si betraff. Och Entrepreneure mat hirem nei gegrënnte Betrib, sinn engem méi grousse Risiko ausgesat, fir an d’Aarmut ze rutschen.
Tëscht 2014 an 2017 wieren 28 Prozent vun de Residenten dem Aarmutsrisiko ausgesat gewiescht. Déi, déi iwwert 4 Joer do net erauskoumen, léie bei 10 Prozent. An der Haaptsaach géifen do de Logement, d’Lacunnen am Educatiounssystem, de Revenu modeste an d’Beschäftegung eng Roll spillen. D’Chambre de Commerce ass der Meenung, datt de Revenu reell, also net de Salaire, mä dat wouvunner d’Leit um Enn liewe kënnen, net einfach an d’Luucht gesat soll ginn. Hei misst vill méi cibléiert agéiert ginn. Et sollt net mat der Géisskan gehollef ginn, mä déi Äermste sollte selektiv ënnert d’Äerm gegraff kréien.
Wat de Logement ugeet, géifen een Drëttel vun de 20 Prozent äermste Stéit hei zu Lëtzebuerg méi wéi 40 Prozent vun hirem Revenu fir d’Wunneng ausginn, an der Haaptsaach géif et sech hei ëm Locatairen handelen. Dofir dann och déi provokativ Fro vun der Chambre de commerce “Locataire car pauvre, encore plus pauvre car locataire?”.
Fir géint d’Aarmut besser virzegoen, proposéiert d’Chambre de commerce d’Kreatioun vun engem Comité quadripartite, deen net dofir do wier, fir d’Objektiver vun der Aarmutsbekämpfung ze fixéieren, mä vill méi eng Plattform wier, wou d’Indicateure wéi d’Entwécklung vun der Aarmut zu Lëtzebuerg am A solle behal ginn. D’Chambre de commerce fuerdert vu politescher Säit ee Paradigmewiessel, et misst ee sech definéiert Ziler setzen, an dann och konkret op déi hischaffen.