CGDISEe Blesséierte bei Accident tëscht Angelsbierg an der Fiels

RTL Lëtzebuerg
Um CR118 tëscht Angelsbierg an der Fiels gouf géint 16.16 Auer eng Persoun bei engem Accident blesséiert.
© RTL / Domingos Oliveira

Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Fiels am Asaz.

De CGDIS mellt ee Blesséierte bei engem Accident e Sonndeg den Owend géint 20.30 Auer op der Tréierer Autobunn a Richtung Stad. Zwee Autoe ware beim Accident op der Héicht vum Cargo Center am Coup. Eng Ambulanz an ee Samu-Won waren op der Plaz.

E Méindeg de Mëtteg géint 14.38 Auer koum et zu Stroossen an der Chaussée blanche zu engem Accident mat engem Blesséierten. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Bartreng a vu Mamer, grad ewéi d’Ambulanciere vu Mamer.

Back to Top
CIM LOGO