
Zu Dummeldeng op der Gare gouf et kuerz no 12 Auer Groussasaz vun der Police. Bei enger Ausernanersetzung gouf eng Persoun blesséiert, déi RTL-Informatiounen no mam Samu an der Ambulanz an d'Spidol bruecht gouf. D'Police preziséiert, datt et sech beim Affer ëm e Jugendlechen handelt, deen eng Schnëttwonn erlidden huet.
Ausgangspunkt vun der Ausernanersetzung war eng verbal Meenungsverschiddenheet.
Am Laf vun der Enquête konnt d'Police de presuméierten Täter stellen. Weider Ermëttlunge lafen.