
Kuerz no 7 Auer hat et tëscht dem Tunnel Éilereng an Éilereng gerabbelt. 2 Autoe waren involvéiert. D'Asazzentere vun Esch a Suessem/Déifferdeng waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Esch. 1 Persoun gouf blesséiert.
Géint 7.30 Auer gouf et dunn en Accident tëscht engem Auto an engem Moto op der Éiterstrooss zu Mutfert. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. Den Asazzenter Mutfert an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.
Um 9.15 Auer du gouf et op der Wämperhaart en Accident tëscht 2 Autoen. D'Ambulanz vun Ëlwen an d'Pompjeeë vu Wäiswampech waren am Asaz. Wéi bei den aneren Accidenter gouf och hei 1 Persoun verwonnt.
Um 10.15 Auer huet sech op der A7, tëscht Colmer-Bierg a Schieren en Auto iwwerschloen. D'Asazzentere vu Biissen, Schieren, Nordstad a Colmer-Bierg waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Lëntgen an de SAMU vun Ettelbréck. D'Autobunn gouf op der Héicht vu Colmer-Bierg fir den Trafic gespaart, dëst wéinst de Botzaarbechten op der Autobunn. Géint 11.10 Auer konnt d'Autobunn awer nees opgemaach ginn. De Chauffer vum Auto gouf blesséiert a koum an d'Spidol.