CR234Ee Camion a fënnef weider Gefierer an en Accident verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg am Nomëtteg koum et tëscht dem Rond-point Sandweiler an dem Scheedhaff zu engem Accident mat 6 Gefierer.
© Domingos Oliveira

Wéi de CGDIS mellt, goufen zwou Persoune blesséiert. RTL-Informatiounen no war ee Camion, zwou Camionnetten an dräi Autoen an den Accident verwéckelt.

D'Strooss huet wärend den Aarbechte misste gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO