PolicebulletinEe presuméierten Drogendealer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war enger Patrull vun der Police eng verdächteg Persoun an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier an der Stad opgefall.

Well de Verdacht opkomm ass, dass dës Persoun kéint mat Drogen handelen, hunn d’Beamten decidéiert, dës ze kontrolléieren. Wärend der Kontroll ass de Beamten opgefall, dass d’Persoun eppes erof schléckt. De Mann gouf doropshi mat op de Policebüro geholl.

Wéi hie schliisslech mat engem Scanner ënnersicht gouf, goufe 14 Friemkierper a sengem Mo festgestallt. De Mann gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO