Am LokalenEe Schwéierblesséierten no Accident zu Mompech

RTL Lëtzebuerg
Vill ze dinn hat de CGDIS an deene leschte 16 Stonnen. Nieft zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten huet et nuets och op zwou Plaze gebrannt.
© Domingos Oliveira

Tëscht Mompech an dem Pafebierg gouf et um Freidegmoie kuerz virun 10 Auer en Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad. Eng Persoun gouf éischten Informatiounen no uerg blesséiert. De Rettungshelikopter an de SAMU waren nieft dem lokale Sauvetage op der Plaz. D’Streck war zäitweileg komplett gespaart.

© Domingos Oliveira

Tëscht dem Vesquenhaff an dem Roudenhaff sinn en Donneschdegowend kuerz no 18 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert. D’Secouriste vu Péiteng a Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

An der Montée de Clausen an der Stad an op der A6 tëscht dem Briddel a Kapellen hunn d’Pompjeeë missen intervenéieren, well et gebrannt huet. Eng Kéier stoung en Auto a Flamen, déi aner Kéier war et e Vegetatiounsbrand.

Back to Top
CIM LOGO