Posch geklautEeler Fra zu Esch brutal iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf e Samschdeg géint 17.35 Auer eng eeler Fra zu Esch an der Rue Dunant vun engem onbekannte Mann iwwerfall.
© RTL Archivbild

De Mann huet d'Fra op de Buedem gestouss an hie d'Posch aus den Hänn gerappt. Hien huet sech no der Dot ze fouss ewech gemaach.

Déi eeler Fra ass blesséiert ginn a koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

Den Täter ass ongeféier 1,80 Meter grouss, huet e laange Baart a war schwaarz ugedo.

Back to Top
CIM LOGO