Wäertsaachen aus der Fënster geheitEeler Fra zu Réimech bedrunn, falsch "Polizistin" um Wierk

RTL Lëtzebuerg
Bei enger eelerer Fra vu Réimech rabbelt leschte Mëttwoch den Telefon. Op der Strëpp ass eng Madamm, déi polnesch schwätzt.

Déi eeler Fra, déi Lëtzebuergerin ass, versteet polnesch. "Ech schaffen fir eng staatlech Organisatioun, déi der Police hëlleft. Et si Raiber ënnerwee. Dir musst är Wäertsaachen a Sécherheet bréngen. Dir sidd a Gefor.“

Kritt déi eeler Fra erkläert.

"Paakt virun allem alles aus Gold an eng Tut. Wann der och nach e wäertvollt Bild huet , leet et dobäi“. Fiert déi polnesch Madamm virun.

„Ar Bankkonten sinn och gehacked ginn“

Psychologeschen Drock

Déi eeler Fra kritt et mat der Angscht ze dinn. Se sicht d’Aueren, déi se am Haus huet, zesummen a paakt se - ewéi gefrot - an eng Tut.

„Geheit d’Tut zur Fënster eraus. Et kënnt eng Persoun se sichen. Se bréngt d’Wäertsaachen a Sécherheet. An 2 Stonne bréngt d’Police alles nees zeréck“.

Déi eeler Fra hält sech un d‘Consignen. Se mécht, wat se gesot kritt. Se wunnt um 1.Stack, mä et gëtt en Accès zu hirem Appartement. Se erbléckst och eng Fra, déi sech hannert enger Heck verstoppt.

D’Gesitt kann se net erkennen.

Se geheit d’Tut mat den Wäertsaachen eraus. D’Fra reeft se op a mécht sech duerch d’Bascht.

Déi eeler Fra fiert eréischt no enger Zäitchen op de Bancomat fir ze iwwerpréiwen, ob hir Konten nach an der Rei sinn. Sue feelen net.

Uschléissend mellt se sech bei hirer Duechter an mellt dat, wat hir geschitt ass, bei der Police.

Op Nofro hin confirméiert d’Police d‘Fakten

„No Récksprooch mat de Kolleegen aus der Regioun kënne mir confirméieren, datt der Police den 12. Mee en Déifstall zu Réimech gemellt gouf. D’Meldung ass am fréien Nomëtten eragaang.

Eng Damm huet effektiv uginn, datt si telefonesch vun der Police opgefuerdert gi wier, Wäertsaachen zur Fënster erauszegeheien.

Inwiefern et sech do lo ëm eng Masch handelt, wéi dat an der däitscher TV-Emissioun Aktenziechen XY beschriwwe gouf, a wat respektiv, wie genee hannendru stécht, léisst sech natierlech schwéier eleng op Basis vun enger Ausso confirméieren. Fakt ass, datt et zu engem Déifstall koum.

Mir ënnersträichen, datt et sécherlech net d’Virgoensweis vun der Police ass, Leit telefonesch opzefuerderen, Wäertgéigestänn zur Fënster erauszegeheien, fir datt d’Police se kann a Sécherheet bréngen.

Der Police si bis well keng aner Fäll, déi nom beschriwwene Prinzip vun den Uriff funktionéiere géifen, bekannt. Falls Leit awer Affer vun esou engem Virfall gi wieren, biede mir si dëst direkt ze mellen. Dëst wier an deem Fall eng Ofwandlung vun där méi „klassescher“ Masch vun de falsche Polizisten un der Hausdier. An deem Kontext rappelléiere mir, datt ee Lëtzebuerger Policebeamt(inn)en notamment u folgende Mierkmoler erkennt: 

-        Si maîtriséieren déi 3 administrativ Sproochen, notamment Lëtzebuergesch ;

-        All Polizist(in) huet en Déngschtausweis ;

-        Op all Policeuniform ass en Numéro d’identification unique ;

-        Eng Illustratioun wéi d’Policeuniform, den Déngschtausweis an de Patch mam Numéro d’identification unique ausgesinn, fannt Dir op eisem Site

Eeler Persoune si leider besonnesch „beléiften“ Affer vun Trickdéif opgrond vun hirer altersbedéngter Vulnerabilitéit, och bei anere Forme vu Bedruch.

Och per Telefon sollt een am Zweiwelsfall einfach anhänken an dem Drock vum Interlocuteur net noginn. Eng Partie präventiv Tipps, déi an dësem Zesummenhang kënnen interessant sinn, fannt Dir notamment hei oder hei.

Änleche Fall zu Euskirchen am Aktenzeichen XY 
An der Kriminalemissioun Aktenzeichen XY ass mëttwochs ,den 12. Mee en änleche Fall gewise ginn.

Am Mäerz 2020 ass eng Fra vun 77 Joer zu Euskirchen Affer vun enger krimineller Band ginn, déi sech och als falsch Polizisten ausginn hunn a si telefonesch esou ënner Drock gesat hunn, dass se um Enn mat Komplizen eng Zomm vun 400.000€ erpresst hunn. Täter sollen aus der Tierkei, respektiv aus Osteuropa eraus operéieren. Hir Komplize schaffen um Terrain an Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO