Däitschen Expert Rolf Apweiler am RTL-Interview"Een dee gutt kuckt, fënnt vill"

Pierre Weimerskirch
Een dee gutt kuckt, dee fënnt vill, esou kéint ee resuméieren, wéi de Rolf Apweiler aktuell d'Situatioun zu Lëtzebuerg bewäert.
Däitschen Expert Rolf Apweiler am RTL-Interview
Een dee gutt kuckt, dee fënnt vill, esou kéint ee resuméieren, wéi de Rolf Apweiler aktuell d'Situatioun zu Lëtzebuerg bewäert.

Lëtzebuerg Test a sequenzéiert scho vill, esou de Bioinformatiker Rolf Apweiler vum europäeschen Institut fir Bioinformatik, et wier normal, datt een dann och vill géif fannen. D'Corona-Situatioun géif sech deemno net weesentlech vun den Nopeschlänner ënnerscheeden, vu Grenzen zoumaachen, hält de Wëssenschaftler, deen och di däitsch Regierung beréit, net vill. Zanter 2007 ass Lëtzebuerg ee vu 27 Membere vum europäesche Laboratoire fir Molekularbiologie. D'Institut mécht mat ëffentleche Sue Grondlagefuerschung. Elo wärend der Pandemie huet een de Schwéierpunkt vun der Aarbecht, wéi op esou ville Plazen op de Coronavirus fokusséiert.

De Bioinformatiker ass ee vun de renomméiertste Wëssenschaftler a sengem Fach a beréit aktuell och déi däitsch Bundeskanzlerin.

Als Direkter vum europäeschen Zenter fir Bioinformatik ass hien och Deel vum europäesche Laboratoire fir Molekularbiologie, wou och Lëtzebuerg Member ass.

Lëtzebuerg hätt duerch de Screening vun de Kläranlagen e Fréiwarnsystem, géif vill testen a sequenzéieren. Duerch dat villt Teste wier d'Donkelziffer zu Lëtzebuerg vill méi kleng wei an Däitschland.

De Rolf Apweiler schätzt, datt et zu Lëtzebuerg eng Donkelziffer vun 30 Prozent gëtt, an der Bundesrepublik wier se 2 bis 3 mol méi héich. D'Zuelen tëscht de Länner kéint een net einfach esou vergläichen. Dat nämmlecht gëllt och vir d‘Virusvarianten. Och hei wier de Grand-Duché e Land, wat vill sequenzéiert.

Wéineg Kontakter hunn, wier nach ëmmer dat beschte Mëttel fir d'Infektiounszuelen niddereg ze halen. Et géifen nach ëmmer déi selwecht Reegele gëllen, Distanzen halen, Masken droen, allerdéngs wier elo vläicht nees den Ament sech besser drun ze halen, esou de Wëssenschaftler.

Back to Top
CIM LOGO