Dat sot d'Politikwëssenschaftlerin Anna-Lena Högenauer vun der Uni Lëtzebuerg en Donneschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun. Déi britesch Premierministesch wier wuel gestäerkt, well si elo ee Joer net méi kann attackéiert ginn. Hir Géigner an der Partei hätten allerdéngs hiert Polver verschoss. Trotzdeem kéint si elo nach ëmmer vu der Labourpartei attackéiert ginn, andeems dës ee Mësstrauensvott am Parlament géif ufroen.
Et wier taktesch awer clever gewiescht den eegene Récktrëtt an d'Spill ze bréngen, am anere Fall wier de Vott nach méi schlecht ausgefall, seet d'Politikwëssenschaftlerin. Trotzdeem misst een d'Resultat negativ gesinn, well ëmmerhin 117 Deputéiert aus deenen eegene Reien hir d'Mësstrauen ausgeschwat hunn.
Weider sot d'Anna-Lena Högenauer, dass et besser gewiescht wier, d'Parlament hätt iwwert de Brexit-Accord mat der EU ofgestëmmt an da bei d'EU ze goen, an ze froen fir nei ze verhandelen.
Hirer Meenung no gëtt een haarde Brexit ëmmer méi wahrscheinlech. Wann den 21. Januar sollt ofgestëmmt ginn, wieren nach just 2 Méint Zäit bis den Austrëtt, allerdéngs kéint dee Vott negativ ausfalen. Dee Moment misst nei verhandelt ginn a weider Zäit verluer goen.
Wann de Deal ugeholl gëtt, stellt sech der Politikwëssenschaftlerin vun der Uni Lëtzebuerg kee Problem, dann kënnen d'Datumer respektéiert ginn. De Problem géif sech stellen, wann den Deal net ugeholl gëtt, da wier de Risk grouss dass et zu engem haarde Brexit gëtt, dee Moment géif sech vill änneren.
Am Prinzip huet sech net vill geännert un der Theresa May hirer Positioun, nodeems si e Mësstrauensvott e Mëttwoch den Owend iwwerstanen huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.