
D’Uertschaft Wickreng mat hire bëssi méi wéi 100 Awunner dierft ville Leit ee Begrëff sinn. Dat an éischter Linn wéinst engem Terrain um Bord vum Duerf, op deem kommerziell Aktivitéiten entstoe sollen. Aktuell gëtt grad ee risege Projet do realiséiert, ma scho viru ronn 15 Joer war op där Plaz een anere Projet geplangt, deen d’Regierung deemools nawell an d’Laberente bruecht huet.
Zanter 1993 ass dee betraffenen Terrain am PAG vun der Gemeng Reckeng op der Mess dem Buergermeeschter Carlo Muller no als Zone interfonctionelle ausgewisen. Ma et sollt bis 2007 daueren, éier den CSV-Mëttelstandsminister Fernand Boden eng Geneemegung fir ee Centre commerciale vun 42.000 Meter caré ausgestallt huet. Bauhäre sollten de Groupe Guy Rollinger an ING Real Estate sinn. Guer net frou doriwwer war ee vum Fernand Boden senge Parteikolleegen, den Inneminister Jean-Marie Halsdorf, deen der Meenung war, datt de Projet net an d’Konzept vun der Landesplanung passe géing. Hien huet dogéint geklot, krut awer Onrecht.
Ma de Premier Jean-Claude Juncker hat eng praktesch Léisung parat, fir den CSV-interne Parteifridden ze retten.
“De Wirtschafts- a Sportminister, dee plangt jo zu Léiweng eng gréisser Sportinfrastruktur mat all deem, wat et do ronderëm brauch. Lo si Beméiungen amgaangen, fir ze kucken, ob een dee Projet vu Wickreng net an dee vu Léiweng kann einverleiben.”
Wirtschafts- a Sportminister war deemools den LSAP-Mann Jeannot Krecké an deen huet deemools zimmlech optimistesch geklongen.
“Et ass also de Wonsch vun der Regierung, datt et reusséiert. Ech probéieren och alles dorun ze setzen, datt et reusséiert, a mat e bëssi Vaselinne denken ech och, datt et kéint rutschen.”
Ob wéinst net genuch oder ze vill Vaselinne, spéider ass de Projet jiddefalls un d’Schléngere komm. Op Nofro hin erënnert sech de Jeannot Krecké haut, datt de Promoteur Flavio Becca den Terrain zu Léiweng net verkafen, mee de Projet selwer realiséiere wollt. De Flavio Becca an de Guy Rollinger goufe sech och eens, datt een Deel vun den zu Wickreng geplangte Geschäfter op Léiweng sollt kommen. Ma de Widderstand géint de Projet wier ëmmer méi grouss ginn, virun allem vun Ëmweltschutzorganisatiounen, sou datt d’Regierung en net hätt kënnen duerchboxen. Dowéinst hätt de Guy Rollinger rëm missen zeréck bei säi Projet zu Wickreng, wéi sech dat weider entwéckelt huet, hätt hien net méi verfollegt.
Et sollt bekanntlech näischt doraus ginn. Enn 2012 war et d’Annonce, datt de Groupe Guy Rollinger all seng Undeeler um Projet un d’Bauentreprise Félix Giorgetti a Kuhn verkafe géing. Do virdrun hat et een heftegen Debat doriwwer ginn, ob Regierungsmemberen de Guy Rollinger ënner Drock gesat haten, fir datt dësen de Projet zu Wickreng sollt fale loossen. Vir bäi war hei den deemolegen DP-Fraktiounschef Claude Meisch.
“De Jean-Claude Juncker seet, hien hätt mam Här Krecké geschwat, hien hätt mam Här Halsdorf geschwat a si géinge soen, si hätten dat ni gesot. Si hätten keen Drock gemaach, si hätten net net vu Genéck brieche geschwat, si hätten och net gesot, datt se Drock op Banke géinge maachen, datt se Autorisatiounen net méi géinge ginn, datt se keng Marché publique méi un déi Firma do géinge ginn. Ma mir hunn awer gëschter héieren, datt dee Betraffenen, nämlech de Guy Rollinger selwer de Contraire behaapt huet, also si mer hei an engem Widdersproch.”
Den deemolege grénge Fraktiounschef François Bausch huet sech d’Fro gestallt, firwat de Projet zu Wickreng mat Verweis op d’Landesplanung ausgebremst gouf, an dann an een anere Projet zu Léiweng integréiert sollt ginn, deen nach méi dernieft wier. Ma um Enn konnten d’Reprochen net beluecht ginn. De Guy Rollinger wollt spéider vum Staat e Schued vu knapp 200 Milliounen Euro rembourséiert kréien, mee hien huet viru Geriicht an éischter an an zweeter Instanz verluer.
Wat bleift also 16 Joer no der Geneemegung fir ee Shoppingzenter zu Wickreng? Zu Léiweng ass nach ëmmer eng Wiss an dat soll dem Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser Tom Jungen no och sou bleiwen, de Futtballstadion steet op der Clôche d’or an zu Wickreng gëtt fläisseg gebaut. Vun der Landesplanung schwätzt bei deem neie Projet kee méi, och keng Ëmweltschutzorganisatiounen. Ass den Dossier Wickreng/Léiweng dowéinst zou? Net ganz, et ass ze héieren, datt de Guy Rollinger nach net mam Thema ofgeschloss huet a sech iergendwann nach eng Kéier zu Wuert melle wëllt. Affaire à suivre deemno.