Zu WickrengMam GRIDX hëlt ee risege Projet Form un

Marc Hoscheid
An der Gemeng Reckeng op der Mess gëtt ee vun de gréisste Bauprojeten zu Lëtzebuerg realiséiert. D'Konzept soll fir de Grand-Duché eenzegaarteg sinn.
© Arnaud Serexhe

Zu Wickreng direkt nieft der A4 ass zanter enger Partie Joren ee vun deene gréisste Chantiere vu Lëtzebuerg am gaangen. Enn 2024 soll de Projet mam Numm GRIDX seng Dieren opmaachen. Am Laf vun de Jore huet d’Konzept e puer Mol gewiesselt, dem Promoteur no ass et fir Lëtzebuerg eenzegaarteg.

14/03/2023 BAND GRIDX 07h30 (online)

Wien deen impressionante Stolbau an déi hallef Dose Kraner beim laanschtfueren net gesäit, hätt vläicht besser bei den Aendokter ze goen. Hei entstinn iwwert 60.000 Quadratmeter kommerziell Fläch. Méi wéi 400 Aarbechtsplaze sollen an de Beräicher Businesszenter, Restauratioun an Hotellerie kreéiert ginn. Mam Terrain läit de Käschtepunkt bei ronn 250 Milliounen Euro.

Den Numm vum Projet, iwwert deen een nawell trëlle kann, ass GRIDX. Dobäi handelt et sech net ëm eng Ofkierzung, mä ëm d’Konzept, wéi de Responsabele vum Projet Félix Giorgetti erkläert.

“De GRIDX ass am Fong een Zenter, wou Firmen zesummekommen, déi reunéiert bei hirer Passioun sinn. D’Grondkonzept vum Projet ass ee Grid ze kreéieren, wou déi verschidde Locatairen an awer och Visiteure Synergien ënnerteneen hunn. Dat heescht ee Grid vu Synergien. De GRIDX ass op déi véier verschidde Pilieren opgebaut. Alles wat ëm d’Mobilitéit dréint, digital Experienzen, Iessen an Événementiel.”

Schafung vu Wunnraum als Argument

Ënnert anerem wéinst engem digitale Musée an engem Beräich fir E-Sport dierft de Projet spéider nawell een héije Stroumverbrauch hunn. Fir dee gréisstendeels ofzedecken, sinn um Daach op méi wéi 3.000 Quadratmeter Solarpannoë geplangt. Nieft der kommerzieller Fläch entstinn um Site och zwou Residenze vu 50 respektiv 60 Unitéiten. D’Méiglechkeet sou vill Wunnraum ausserhalb vun den Uertschaften ze schafen, war dem Buergermeeschter vu Reckeng op der Mess Carlo Muller no ee Grond derfir, datt de Gemengerot unanime fir de Projet gestëmmt huet.

“Wat de Wunnengsbau ubelaangt, sou ass dat doten deen eenzege Site hei an der Gemeng, dee sech fir Residenze an där doter Gréisst eegent. A kenger vun de sechs Uertschaften aus eiser Gemeng kënne Residenze vun där doter Gréisst realiséiert ginn. Dat wëlle mer och net, well mer wëllen de ländleche Charakter vun eisen Dierfer erhalen.”

Angscht virun engem Verkéierskollaps hätt een net. Et géingen och haut scho vill Autoen duerch d’Dierfer fueren, zudeem sollen nei Autobunns Op- an Offaarte souwéi een Turbo-Rond-point gebaut. Wat dat geplangten Altersheim op engem Gemengenterrain ugeet, ass een derbäi, ee Modell fir d’Gestioun auszeschaffen a weider Terrainen ze kafen.

Back to Top
CIM LOGO