
Hei den offizielle Communiqué vun RTL:
Diffusioun vu Walmessagen op RTL
Eenegung iwwert d'Ännerung vu Sproochereegel
D'Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA) huet als Coordinateur vun der offizieller Walcampagne RTL informéiert, dass sech eng ganz grouss Majoritéit vun de Parteien, déi eng Lëscht fir d'Europawale presentéieren, gëeenegt huet, fir nieft dem Lëtzebuergeschen och Franséisch an de Walmessagen zouzeloossen, déi op RTL Radio Lëtzebuerg an RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert ginn.
Sou wéi am leschte Communiqué präziséiert gouf, war a bleift et de Wëlle vun RTL, fir d'Reegelen ëmzesetzen an ze respektéieren, déi am Accord mat de Parteie fixéiert sinn. Deemno wäert RTL mat "effet immédiat" all Spotten diffuséieren, déi den neie Reegelen entspriechen.