
141 Deputéiert siegéieren aktuell zu Stroossbuerg fir d’SPE-Famill, also déi europäesch sozialdemokratesch Partei.
Eenzeg Kandidatur ass bis ewell déi vum aktuelle lëtzebuergeschen EU-Kommissär Nicolas Schmit an et gëtt ëmmer méi warscheinlech, dass hien et um Enn och gëtt a géint d’Ursula von der Leyen wäert untrieden, fir de Poste vum nächste Kommissiounschef.
Hie kritt nämlech Réckendeckung vun den zwou stäerksten Natioune bannent der sozialistescher Fraktioun, der SPD aus Däitschland, an der PSOE aus Spuenien. Dat hunn déi zwou Säiten e Méindeg bekannt ginn.
Deemno ass dervun auszegoen, dass och keng Géigekandidatur méi wäert erakommen. Eng Decisioun fält dann eréischt op engem Kongress vun den europäesche Sozialisten, den 2. Mäerz zu Roum.