Assisen LogementËffentlech Wunnenge schafen an déi transparent verdeelen

Monique Kater
Déi 3. Editioun vun de Logementassisë stoung ganz am Zeechen vum neie Gesetz iwwer d'Aides au logement. Déi zentral Innovatioun ass de sougenannte RENLA.
Logements-Assisen: Ëffentlech Wunnenge schafen an déi transparent verdeelen
Déi 3. Editioun vun de Logementassise stoung ganz am Zeechen vum neie Gesetz iwwer d’Aides au logement.

D’Reform vum Gesetz iwwert den abordabele Wunnraum gesäit ënnert anerem vir, datt en nationale Regëster geschaaft gëtt mat all den ëffentleche Locatiounswunnengen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.

De sougenannte RENLA, deen en Donneschdeg ee vun den Haaptsujeten op de Logementsassisë war, soll dozou bäidroen, datt dës Wunnenge méi transparent a méi gerecht kënne verdeelt ginn an d’Acteure vum Terrain fannen och, datt et eng gutt Saach ass.

D’Gemengen hunn do méi eng nuancéiert Meenung.

Assisen Logement / Reportage Dany Rasqué

Et ass eng gutt Saach, datt de Staat an och d’Gemengen eng Iwwersiicht kréien, seet de President vum Gemengesyndikat Syvicol. Den Emile Eicher versteet och, datt et méi einfach fir d’Acteuren ass, wann et eng zentral Plaz gëtt an da kënnt de mä...

“wou mer awer net domadder averstane sinn, dat ass duerno mat der Attributioun vun de Wunnengen, well mir als Gemenge probéieren, eng Flexibilitéit ze behalen a virun allem fir eise lokaler a regionaler Populatioun als alleréischt ze hëllefen an an deem Sënn hätte mer gär méi Flexibilitéit, méi Matsproocherecht, esou wéi mer et bis elo och haten.”

Do gëllt et also nach Kompromësser ze fannen an där, seet de Logementsminister Henri Kox, goufen och scho fonnt.

Wann et ëm d’Verdeelung vun de Wunnenge geet, sollen awer d’Experte vum Terrain d’Decisiounen huelen.

“Dat ass eng professionell Aarbecht, déi ech net als Politiker wëll maachen, mä déi vun deenen Acteuren um Terrain gemaach gëtt an da gëtt et eng ganz Rei vun Associatiounen oder Offices socialen, déi ganz kloer déi Wunnengen un d’Leit aus hirer Gemeng kënne verdeelen.”

D’Acteure vum Terrain si frou, datt dee Regëster soll kommen. Dat seet de Gilles Hempel, den Direkter vun der Fondatioun fir den Accès zum Logement.

“Fir eis ass de Virdeel, datt mir als bailleur spécialisé op déi Datebank kënnen zougräifen an dann eis Clientë kënnen eraussichen, fir se an déi Wunnengen se setzen, a wou mir déi Leit dann och weider begleeden.”

Aktuell sinn 2,5 Prozent vun de Locatiounswunnengen an ëffentlecher Hand. En Taux, deen de Logementsminister bis op 20 Prozent wëll kréien.

LINK: D’Schreiwes vum Logementsministère

Back to Top
CIM LOGO