An der Chamber war e Mëttwoch en ëffentlechen Debat, déi vill Leit interesséieren dierft. D’Petitioun 2504 fuerdert e besseren a méi séieren Accès zu IRM, Scanneren, Mammografien an anere medezinesche Biller. Se gouf vu gutt 4.900 Leit ënnerschriwwen. Déi vill Ënnerschrëfte géife weisen, datt e Klärungs- an Handlungsbedarf bestéing, esou d’Petitionärin Isabelle Faber. Bei hir gouf 2014 am Kader vum Programm Mammographie eng Anomalie festgestallt: “Hei zielt op eemol all eenzelen Dag, wou ee waarde muss. A wann dat 3 Wochen a méi si vun enger Ënnersichtung zur anerer. Da kann ech Iech soen, et lieft een net méi, et iwwerlieft een.”
Bei de Kontrollen ass der Fra opgefall, datt et ëmmer méi laang dauere géif, fir e Rendez-vous baussent dem Mammographie-Programm ze kréien. Rezent 18 Méint. Och bei anere medezinesche Biller-Diagnose beispillsweis Mo- oder Daarmspigelungen, IRM’en a Scannere géifen et laang Delaie ginn.
“Mir si konkret Temoignagë vu Patienten an Dokteren zougedroe ginn, wou et ëm Urgencë geet a wou Patienten e puer Méint a méi laang - vill méi laang - op hire Rendez-vous an der Imagerie médicale waarde mussen.”
Dëst hätt en Impakt op d’Behandlungsméiglechkeeten an d’Heelungschancen. E Beispill vum Dr Jean-Baptiste Olivier, deen d’Petitionärin begleet huet a spezialiséiert ass op d’Rekonstruktioun vun der Broscht.
“Il existe en matière de cancer du sein, une relation directe entre la taille de la tumeur du sein et l’atteinte du ganglion et de l’ancienneté de la tumeur.”
Urgencë géife virgeholl ginn, verséchert d’Gesondheetsministesch. Dacks géif awer laanschtenee geschwat ginn, erkläert d’Paulette Lenert.
“Mir hunn effektiv eng Rei Saachen identifizéiert, wou ee ka verbesseren. An dat ass eng dovunner, wou een oft e Malentendu huet oder datt dee Message, datt eppes urgent ass, esou formuléiert ass, datt en net ukënnt, respektiv falsch interpretéiert gëtt.”
D’Situatioun vu méi laange Waardezäiten hätt och mat der Pandemie ze dinn. Virop awer mat der Populatioun, déi bannent de leschten 10 Joer ëm 25% gewuess wär. D’Zuel vun Apparater wéi IRMe wär zanter 2018 erhéicht ginn. Vu 7 deemools op 13 bis Enn dëses Joers, sou d’Ministesch.
“D’Examen an de leschten zwee Joer sinn ëm 33% eropgaangen. An trotzdeem héieren ech dagdeeglech nach ëmmer Geschichten, wou Leit ganz laang musse waarden.”
En zentraliséierte Monitoring iwwer d’Waardezäiten an den eenzele Spideeler soll hëllefen, e permanenten Iwwerbléck ze ginn. Och misst kloer definéiert ginn, wat eng Urgence ass.
“Da si mer och amgaangen d’Prise de Rendez-vous ze zentraliséieren. Och do schaffe mer ganz konstruktiv mat de Spideeler, fir e System ze kréien, dass een eng zentral Ulafplaz huet.”
Donieft hofft d’Gesondheetsministesch och deemnächst Samschdes Moies Plagë fir den IRM kënnen opzemaachen. Do wär een nach amgaange mat der Gesondheetskeess driwwer ze diskutéieren. Aktuell sinn d’Horaire vun der Imagerie médicale jo an der Woch vu Moies 7 bis Owes 20 Auer. Dat géing dacks och vun der Disponibilitéit vun de Spezialisten an dem Fleegepersonal ofhänken, sou steet et e Mëttwoch de Moien an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro geschriwwen.