Corona-VaccinÉischt Liwwerunge mam Moderna-Impfstoff wäerten e Méindeg zu Lëtzebuerg ukommen

Pierre Jans
Dës Woch hat d'EU-Kommissioun dem Vaccin déi néideg Autorisatioun ginn.

Corona-Impfungen zu Lëtzebuerg / Reportage Pierre Jans

Nodeems d’EU gréng Luucht ginn huet fir den Impfstoff vu Moderna, wäerten den nächste Méinde schonn déi éischt Liwwerunge vun 1.200 Dosen zu Lëtzebuerg ukommen. Dat sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Freideg den Owend wärend enger Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer d’Covid-Vaccinatiounen op Initiativ vun der ADR.

D'EU-Kommissioun huet iwwerdeems weider 300 Milliounen Dosisse vum Impfstoff vu Biontech-Pfizer bestallt. Och do kréich Lëtzebuerg säi vollen Undeel, an zwar 0,14 Prozent. Dat si 420.000 Dosissen.

Bei alle Bestellungen, bei de 6 Produzente mat deenen d'EU e Vertrag huet, géife fir de Grand-Duché Dosisse fir iwwer 1 Millioun Mënschen eraussprangen.

Och d'Nouvelle vun der europäescher Agence fir Medikamenter, dass een aus engem Flacon vu Biontech-Pfizer net nëmme 5 mä 6 Dosisse kéint eraushuelen, begréisst d'Paulette Lenert. Allerdéngs bréicht een dofir extra Nole fir op d'Sprëtz. D'Santé géif dat den Ament préiwen, fir dat esou séier wéi méiglech kënnen ze maachen.

D'Impfstrategie vun der Regierung ass nach net komplett. Ma d'Ministesch huet e Freideg den Owend an der Chamber d'Recommandatioune vun den Experte presentéiert.

Wann d'Impfungen am Gesondheets- a Fleegesecteur ofgeschloss sinn, sollen als nächst d'Mënschen iwwer 75 Joer eng Invitatioun kréien. Do géifen d'Leit an der Alterskategorie tëscht 75 an 65 Joer lues a lues ugeschloss ginn. An der drëtter Phas stéing de Fokus op de vulnerabele Leit iwwer 50 Joer, esou d'Paulette Lenert. Duerno kéimen déi Vulnerabel ënner 50 Joer drun a Leit déi an der Prekaritéit liewen. An der fënnefter Phas géif et dem Alter no erofgoen: vu 65 Joer erof bis 16 Joer. Residenten an Net-Residenten, déi hei am Land schaffen, kréichen d'Méiglechkeet sech géint de Coronavirus impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO