Rechter vun Affer um Ordre du jourÉischten europäesche Conseil fir d'Justizministesch Elisabeth Margue
Déi nei Justizministesch Elisabeth Margue war e Méindeg op hirem éischten europäesche Conseil iwwert d'Justiz an Affaires intérieures zu Bréissel.
Um Ordre du jour stoung ënnert anerem en neit Gesetz iwwert d’Rechter vun Affer. Domat soll e Minimum u Protektioun an alle Memberstaaten assuréiert ginn, ënnert anerem mat psychologeschem Support an Informatiounsaccès zu hirem Fall.
Um Bord vum Conseil huet d’Elisabeth Margue hir Homologen aus Däitschland, de Marco Buschmann, an der Belsch, de Paul Van Tigchelt, genee wéi den europäesche Justizkommissär Didier Reynders fir bilateral Entrevue gesinn.
D’Elisabeth Margue mat der rumänescher Justizministesch Alina-Stefania Gorghiu (lénks) an der Sylvie Lucas, Ambassadrice vun der RPUE. © European Union
D’Elisabeth Margue mam EU-Kommissär Didier Reynders. © European Union
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.