
Nodeems matzen an der Nuecht vun der leschter Novemberwoch zejoert eng 100.000 Liter Piff bei Holtz ongefiltert an d’Noutemerbaach gelaf waren, leien déi weider Demarchen elo beim Bauer, deem de Betrib gehéiert, wou den Accident geschitt war.
Un Him ass et nämlech e spezialiséierten Büro dermat ze chargéieren, fir erauszefannen, wéi ee Schued an der Baach, respektiv um Fëschbestand an de Waasserplanze geschitt ass, andeems de Piff d’Baach laanscht d’belsch Grenz massiv verknascht huet an och nach op belschen Territoire gelaf war.
En Dysfonctionnement an der Zetär vum Bauerenhaff war d’Ursaach fir den Tëschefall, deen notamment bei der Federatioun vun de Sportfëscher groussen Ierger provozéiert hat.
Fir den Ament ass op jiddwer Fall den ekologeschen Impakt vun dëser Ëmweltverknaschtung nach net gewosst - gewaart gëtt op d’Expertis, déi den externe Büro zesumme mam Waasserwirtschaftsamt mécht.
Och den Dikrecher Parquet ass mat der Affär befaasst.
All dës Informatiounen iwwert dëse Fall vun Ëmweltverknaschtung vun der Noutemerbaach liwwert d’Ministesch Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten Gusty Graas.