
Alt nees gëtt et e Fall vun enger verknaschter Baach: En Dënschdeg gouf festgestallt, datt en Zoufloss vun der Noutemerbaach verknascht gouf. Wéi et vum Waasserwirtschaftsamt heescht, war Gülle an d’Waasser gelaf. De Piff konnt duerch en technesche Probleem aus engem Tank op engem Haff zu Holtz an d’Waasser kommen.D’Noutemerbaach leeft op der Grenz an d’Belsch eran, fir duerno an d’Attert ze fléissen.
Zu Holtz an Nidderkolpech goufe Barragen opgeriicht, fir d’verknascht Waasser opzefänken. An der Attert goufe Loft-Entwéckler opgeriicht, fir datt den Impakt vum verknaschte Waasser sou kleng wéi méiglech op d’Fëschpopulatiounen an d’Planze wierkt.Och d’belsch Autoritéite goufen informéiert.
E Mëttwoch den Owend huet och d’Sportfëscherfederatioun an engem Schreiwes reagéiert. Si stellt sech vill Froen, virun allem, well sech a leschter Zäit esou Virfäll géingen heefen. Eng vun de Froen un d’Regierung ass dann och, ob et stëmmt, datt bei dësem Virfall ronn 100.000 Liter Piff an d’Baach gelaf sinn.