Hien huet een alternative Wirtschaftsmodell entwéckelt. Fir eng Konferenz vu Fairtrade Lëtzebuerg ass den Éisträicher zu Lëtzebuerg. Mir hu mat him iwwert seng Visioun vun enger Ekonomie, déi am Sënn vun der Allgemengheet fonctionnéiert, diskutéiert.
D'Welt géif op der Kopp stoen, esou d'Wierder vum Christian Felber. D'Zil vun der Ekonomie wier et, esou vill Gewënn ze maache wéi nëmme méiglech. Dat misst sech änneren, an enger Gesellschaft misst d'Wirtschaft vill méi dofir suergen, dass d'allgemeng Zefriddenheet vun de Mënsche garantéiert gëtt.
