Dës Kéier gouf sech am Joresrapport vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand besonnesch fir déi mental Gesondheet vu Kanner a Jonken interesséiert. E Problem, deen dem ORK-President René Schlechter no, zougeholl huet.
Den Drock op d'Kanner hautdesdaags ass grouss. Dacks si si de ganzen Dag a verschiddene Strukture wéi Schoul oder Maisons Relais, a komme kaum zur Rou, esou de René Schlechter. D'Elteren hätten net méi vill Zäit fir hir Kanner.
2010 gouf scho vill Viraarbecht geleescht zum Thema psychesch Gesondheet vu Kanner a Jonken. De Rapport ass awer leider am Tirang gelant.
Dat kritiséiert den ORK-President, René Schlechter, deen awer hofft datt de Thema elo opgegraff an eescht geholl gëtt.
Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand fuerdert, weider Strukture fir Kanner- a Jugendpsychiatrie, déi aktuell wieren nämlech komplett iwwerlaascht.
An och méi Dageskliniken a ganz besonnesch en nationale Plang zum Sujet mental Gesondheet bei Kanner, well et géif zwar vill gutt gemengten eenzel Initiative ginn, mä et géif u Koordinatioun an un engem koherente Konzept feelen.
E Mëttwoch war de President vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand onsen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Neie Rapport vum ORK - Fir d’Wuelbefanne vun de Kanner.Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.