Tendenz geet weider an d‘LuuchtËmmer méi Kanner zu Lëtzebuerg sinn ze déck

RTL Lëtzebuerg
Bei Kanner tëscht 11 an 12 Joer hëlt d'Iwwergewiicht an Obésitéit zou. Si beweege sech manner intensiv an iessen och net all ze gesond.
Ëmmer méi Kanner zu Lëtzebuerg sinn ze déck
Bei de Jongen tëscht 11 an 12 Joer sinn et ganzer 22 Prozent. D‘Meedercher si liicht manner staark betraff.

Dofir kritt awer just eppes méi wéi een Drëttel vun de Meedercher op d‘mannst 4 Mol d‘Woch genuch Beweegung. Dat alles geet aus dem Rapport iwwer d‘Gesondheet vum Kand ervir, deen den nationalen Observatoire fir d‘Gesondheet presentéiert huet.

Opfälleg wär och, datt Kanner aus méi defavoriséierte Famille méi staark betraff wieren, ënnersträicht d’Françoise Berthet, Direktesch vum Observatoire. D’sozial Ongläichheeten hätten an dësem Beräich souguer zougeholl: “Mais c’est évidemment une question qui nous préoccupe, parce que cela veut dire que notre système de santé et notre société n’arrive pas à gérer ces inégalités. Même dans un petit pays aussi affluent et aussi riche que le Luxembourg.”

De Rapport hält och fest, datt d’Densitéit vu Pediatren am Land an de leschte Joren zougeholl hätt. Mat 0,19 Pediatren op 1.000 Awunner, wat am Total 125 Kannerdokteren ausmécht, wär Lëtzebuerg um Niveau vun Däitschland a besser opgestallt wéi Frankräich, d’Belsch an Holland. De President vun der Société vun der Pediatrie, den Dokter Serge Allard gesäit dës Zuele méi kritesch: “Déi berécksiichtegen net, datt mir hei zu Lëtzebuerg och vill Stagiairen hunn aus dem Ausland, déi heihi kommen, vläicht 6 Méint exercéieren an och net un der Basis couverture, un de soins primaires deelhuelen an duerno nees fort ginn an hir respektiv Länner. An da musse mer och nach consideréieren, datt d’Densitéit vu Pediatere vläicht héich ass, mee et muss ee wëssen, datt 900.000 Leit zu Lëtzebuerg an der CNS ageschriwwe sinn an déi 900.000 komme bal alleguer hei op Lëtzebuerg sech soignéieren.”

Et géif nach ëmmer eng Penurie u Kannerdokteren, déi - wéi aus dem Rapport ervirgeet - 2022 nach ëmmer déi wichtegst Ulafstell fir Kanner ënner 10 Joer waren.

Dëst sinn nëmmen e puer vun de sëllegen Donnéeën aus dem 200 Säiten décke Rapport, deen der Politik elo als Grondlag dénge soll, fir Decisiounen ze huelen, déi d’Situatioun solle verbesseren.

Back to Top
CIM LOGO