Net nëmme fir den "Dry January"Ëmmer méi Leit gräifen zum alkoholfräie Gedrénks

Tim Morizet
"Dry January" steet fir vill Leit fir e bewosste Start an dat neit Joer. Ma op Alkohol verzichte bedeit haut net méi, sech op Waasser oder Softdrinken ze limitéieren.
Ëmmer méi Leit gräifen zum alkoholfräie Gedrénks
“Dry January” bedeit fir vill Leit e bewosste Start an dat neit Joer. Ma op Alkohol verzichte bedeit haut net méi onbedéngt, sech ze limitéieren.

Och zu Lëtzebuerg gëtt d’Offer un alkoholfräie Gedrénks ëmmer méi grouss, virun allem beim Béier. Wat virun e puer Joer nach als Nisch gegollt huet, entwéckelt sech mëttlerweil zu engem feste Bestanddeel vum Marché. An enger Diddelenger Brauerei leeft de Béier frësch aus dem Zap-Krunn. Kal, mat Schaum an alkoholfräi. Twisted Cat ass déi éischt Brauerei zu Lëtzebuerg, déi en alkoholfräie Béier och gezaapt ubitt. Fir de Grënner Gabriel Boisante ass dat virun allem eng Äntwert op d’Demande vun der Clientèle. “D’Leit froen no alkoholfräien Alternativen, an de Marché wiisst kloer: Et war héich Zäit, den Alkoholfräien aus dem Ghetto vun de Béchsen a Fläschen erauszehuelen”, seet hien.

De Phenomen ass net nëmme lokal. Weltwäit wiisst de Marché vum alkoholfräie Béier zanter Joren. Prognose ginn dovun aus, datt bis 2027 bal néng Milliarde Liter alkoholfräie Béier kéinte produzéiert ginn. An Däitschland mécht den Alkoholfräien haut schonn ongeféier néng Prozent vun der gesamter Béierproduktioun aus.

Nei Technologië veränneren de Goût

Ee wichtege Grond fir dëse Succès: d’Qualitéit. “Alkoholfräie Béier war laang Zäit séiss a kaum mat engem richtege Béier ze vergläichen”, erkläert de Gabriel Boisante. Duerch technologesch Fortschrëtter an intensiv Fuerschung géifen haut awer Produiten entstoen, déi punkto Goût a Charakter kaum nach vun engem klassesche Béier ze ënnerscheede wieren.

Och déi gréisst Brauerei am Land huet reagéiert. D’Brasserie Nationale huet viru Kuerzem hiren éischten alkoholfräie Béier presentéiert. Fir den éischte Launch sinn tëscht 2.000 an 2.500 Hektoliter geplangt, dat entsprécht bal 700.000 Béierfläschen. Eng Produktioun, déi allerdéngs méi opwänneg ass wéi bei engem klassesche Pils. “Mir brauche méi Personal, méi Analysen an zousätzlech Schrëtt fir d’Pasteuriséierung. Dat mécht de Prozess méi komplex”, erkläert de Braumeeschter Maurice Treinen.

Alkoholfräi dacks méi deier ewéi d’Original

Dës zousätzlech Aarbecht schléit sech och am Präis néier. Net seelen ass eng alkoholfräi Variant méi deier wéi d’Original. Trotzdeem klëmmt d’Nofro, och am Supermarché. Bei der Supermarchéschaîne Cactus observéiert een eng kloer Verännerung am Konsumverhalen. “An deene leschte fënnef Joer ass d’Consommatioun am Alldag däitlech eropgaangen. Vill Clientë kafe reegelméisseg alkoholfräit Gedrénks”, seet d’Responsabel fir Gedrénks Sophie Rossignon.

Besonnesch no de Feierdeeg, am Kader vum Dry January, mee och am Summer, wier eng staark Nofro ze spieren. Alkoholfräit Gedrénks gëtt net méi just aus Nout oder Verzicht gewielt, mee ëmmer méi bewosst, aus Gesondheetsgrënn, wéinst dem Sport oder einfach wéinst dem Goût.

Fir vill Konsumenten ass alkoholfräi haut net méie “Plang B”, mee eng richteg Alternativ an och ëmmer méi dacks den éischte Choix.

Back to Top
CIM LOGO