OmbudsmanËmmer méi Leit profitéiere vum Service vun der Mediatioun

Diana Hoffmann
Jeannot Ries
E Méindeg de Moien huet d'Ombudsman Claudia Monti an der Chamber de Rapport 2022 presentéiert.
De Service vun der Mediatioun
20 Joer sinn et hier, dat de Service vum Ombudsman hei zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff gouf. An ëmmer méi Leit profitéieren dovun.

Bei der Presentatioun vum Rapport vum Service vun der Mediatioun huet d’Ombudsman Claudia Monti direkt e puer Mol vu Ping-Pong mat den ëffentlechen Administratioune geschwat. D’Kommunikatioun kéint deels verbessert ginn, ma generell huet si déi gutt Zesummenaarbecht mat den ëffentlechen Administratiounen ervirgehuewen.

Un de Schlichtungs-Service vum Ombudsman kënne sech Bierger oder Entreprise riichten, déi e Problem mat enger ëffentlecher Administratioun hunn. Dat awer eréischt, nodeems si entweder keng Äntwert oder e Refus vun hirer Demande vun der zoustänneger Administratioun kruten. Dobäi kann et sech ëm e Ministère, eng Gemeng oder aner ëffentlech Etablissementer handelen.

1.247 Reklamatioune sinn 2022 der Ombudsman erakomm. 186 dovunner wieren awer net recevabel gewiescht, huet d’Claudia Monti erkläert. Dat, well d’Ombudsman net fir d’Matière responsabel gewiescht wier. Deels och, well nach net versicht gi war, mat der zoustänneger Verwaltung a Kontakt ze trieden.

Wou et déi meeschte Fäll ginn

Am heefegsten ze dinn, hätt den Ombudsman mat deene Ministèren “wou et ëm d’Liewegt geet a mënschlech Problemer am gréisste sinn”, huet d’Claudia Monti ënnerstrach. Wärend hirer Presentatioun vu 45 Minutten ass si dann och op eng ganz Partie Beispiller agaangen.

An enger Affär konnt ee sech mam ONA drop eenegen, dass Leit, déi e Refus fir eng Protection temporaire kruten, nach 30 Deeg dierfen am Foyer bleiwen. Dëst, well si jo schliisslech nach e Recht op Recours hätten. Beim Ausstelle vu Visae fir Leit aus Indien oder Eritrea hätten et grouss Retarde ginn, déi zu Problemer gefouert hätten.

Weider Fäll, mat deenen een 2022 befaasst war, ware Fraen, déi an der Scheedung waren a wou de Partner verschwonne war, ouni Ënnerhalt ze bezuelen. Déi concernéiert Fraen hätten deels hire Revis gekierzt kritt, well se engem Urteel no jo kéinte Sue vum Partner kréien.

Beim Logementsministère hätten dann Hëllefen extrem laang op sech waarde gelooss. An och beim Gesondheetsministère wieren Delaien ze laang gewiescht, wou Dokteren op hier Autorisatioun gewaart hunn, fir kënnen z’exerzéieren.

Da wier een nach mat engem Fall befaasst gewiescht, wou d’ADEM enger Persoun schlechte Wëllen ënnerstallt hätt, well dës net bewisen hätt, dass se Chômage zegutt hätt. Déi concernéiert Persoun hätt awer alles gemaach fir transparent ze sinn. Eréischt no 9 Méint hätt si du Chômage kritt.

Beim Regroupement familial hätt een dann 2022 eng Recommandatioun gemaach. Hei hätt een eng Evolutioun festgestallt, déi éischter defavorabel wier. De Regroupement familial géing um Niveau vun de Mineuren ëmmer méi restriktiv interpretéiert ginn.

Besser informéiert an héijen Taux de satisfaction

Positiv ervirgehuewen huet d’Ombudsman dann nach, dass antëscht sämtlech ëffentlech Administratiounen an och déi meescht Gemengen, de Bierger géingen informéieren, dass dësen sech am Fall vun engem Refus vu senger Demande un den Ombudsman riichte kann.

Aus de Statistike géing ervirgoen, dass den Taux de satisfaction grouss wier. D’Claudia Monti huet awer drop higewisen, dass een hei misst relativéieren. “Dat heescht ganz oft just, dass ech eng Äntwert kréien. Awer net, dass d’Leit Recht hunn”, sou d’Erklärung. Mee wéinstens wéissten se da scho mol wou se dru wieren.

Dass de Rapport 2022 eréischt esou spéit presentéiert gouf, läit dorun dass d’Claudia Monti verhënnert war. De Rapport vun Zejoert gëtt den 10. Juni an der Chamber presentéiert.

© Jeannot Ries / RTL

Back to Top
CIM LOGO