Méi Reaktiounen a manner EffikassitéitËmmer méi Skepsis vis-à-vis vum Impfstoff vun AstraZeneca

Christophe Hochard
An engem däitsche Spidol, wou d'Personal mat AstraZeneca geimpft gouf, koum et zu ville Reaktiounen, vun Iwwelzegkeet bis héicht Féiwer.
Skepsis vis-à-vis vun AstraZeneca-Vaccin
An engem däitsche Spidol, wou d'Personal mat AstraZeneca geimpft gouf, koum et zu ville Niewewierkungen, vun Iwwelzegkeet bis héicht Féiwer.

Vun Ufank u war jo gewosst, dass de brittesch-schwedesche Vaccin mat 70% manner wierksam wier wéi anerer. E gëtt och an enger Rei Länner, dorënner och Lëtzebuerg, bei Leit iwwer 65 Joer net recommandéiert, an elo tauchen och nach Meldungen iwwer méi Reaktiounen op, respektiv manner Effikassitéit bei Variante wei der südafrikanescher.

Zanter ugangs Februar gëtt den Impfstoff AstraZeneca och hei zu Lëtzebuerg agesat. Dëse Vaccin gëtt den Ament Leit tëscht 18 a 65 Joer gesprëtzt. Et ass e sougenannte Vecteur-baséierten Impfstoff. Dat heescht, et ass e Virus, deen aus der Natur kënnt. An dësem Fall ofgeschwächt vu Schimpansen.

An engem däitsche Spidol, wou d'Personal mat AstraZeneca geimpft gouf, koum et zu ville Reaktiounen. Iwwelzegkeet, Kappwéi an héicht Féiwer hätt de Vaccin ausgeléist. A klineschen Etüden hätt dëse Vaccin dees Reaktioune schonn ugewise gehat, sou de Professer Markus Ollert aus dem LIH, dem Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut vun Esch.

Rezent ass den AstraZeneca Vaccin an d'Kritik gerode wéinst de Mutatiounen. Hei virop déi südafrikanesch Mutatioun. Doropshin huet een a Südafrika den AstraZeneca-Impfstoff gestoppt.

Déi brittesch Variant schéngt sech europawäit auszebreeden an duerchzesetzen. Dem Markus Ollert no hätten dës Mutatiounen nach keng Auswierkungen op déi aktuell Vaccinen.

Stand lescht Woch huet de Staatslabo hei zu Lëtzebuerg 14 Mol déi südafrikanesch Variant vu Covid-19 nogewisen.

AstraZeneca: Reaktiounen an Effikassitéit / Rep. Dany Rasqué

Och den däitsche Virolog Christian Drosten hält den Impfstoff vun AstraZeneca fir sécher an huet sech fir e breeden Asaz vum Vaccin ausgeschwat. Wann hie sech déi ëffentlech Diskussioun ëm dëse Vaccin géif ukucken, hätt hien d'Impressioun, dass villes falsch verstane gi wier.

Den Impfstoff vun AstraZeneca ass net grad esou effikass wéi déi vu Biontech/Pfizer a Moderna, a rezent gouf och bekannt, dass e wuel net esou gutt géint schwéier Verleef vu Covid-19 bei Infektioune mat där südafrikanescher Variant vum Virus wierkt.

Ma éischtens wier an Däitschland virop d'Wierkung géint déi brittesch Variant relevant a wat d'Effikassitéit ugeet, huet hien op en Neits betount, wéi wichteg et ass, méiglechst vill Leit esou séier wéi méiglech ze impfen. Et géif ëmmer iergendwou en Hoer an der Zopp, a verschiddener géifen do mat der Lupp drop kucken, esou de Virolog.

Back to Top
CIM LOGO