ZeienopruffEmployée vun Altersheem zu Heeschdref iwwerfall um Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
Um 12.40 Auer huet ee Mann zu Heeschdref enger Employée vum Altersheem virun der Dier den Handy aus den Hänn gerappt a si wechgestouss.

Hien ass mat engem roude Mountainbike fortgefuer.

Gesicht gëtt ee 25 Joer alen Mann, dee schlecht Däitsch geschwat huet, blo Jeansbox, blo-schwaarz Sportjackett a Sonnebrëll.

D'Enquête leeft, Info fir den 113.

No engem Abroch op Ouschterméindeg an eng Residenz um Belair um Boulevard Joseph II, wou ee Mann eng Wallis mat sengem Inhalt geklaut hat, huet de d'Police de Brigang um 19 Auer mat der Wallis an der Stad begéint. Déi gouf saiséiert, hie gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO