No KritikËmstriddent Héichhaus am Bau-Propjet "Portal Eent" gëtt falegelooss

RTL Lëtzebuerg
D'Pläng fir den Tuerm gi falegelooss, dat deelt d'Societéit Geoplan II an engem Communiqué mat.

Et ass d'Reaktioun op d'Kritike vu villen Escher Bierger, déi et an der Lescht goufen.

Géint d'Héichhaus um Site vum ale Garage Losch hat sech jo ënner anerem eng Biergerinitiativ forméiert.
Mat schwéierem Häerze zitt d'Immobilie-Societéit de Projet zeréck. Et wier een zwar nach ëmmer aus diverse Grënn iwwerzeegt vun dësem, ma et wéilt ee kee Politikum, deen d'Populatioun spléckt.

Et géing een awer mat Begeeschterung weider schaffen, ënner anerem, well ee beim genehmegten Alternativprojet eng Rei positiv Aspekter iwwerhuele kéint.

PDF Schreiwes Portal Eent

Back to Top
CIM LOGO