Well dës awer a ville Fäll, ongeféier 50 Prozent, net esou agesat ginn, wéi se sollen, an zwar fir Liewensmëttel ze kafen, hunn eng Rei Betriber iwwert déi leschte Méint decidéiert, de Scheck net méi ze akzeptéieren. Dat och well vill Abuse gedriwwe géife ginn. Ma dat wier haaptsächlech dem Pabeier seng Schold. Zanter 2 Méint gëtt et an enger Pâtisserie-Traiteur an der Stad eng Limitt beim Remboursement nom bezuele mat engem Chèque-repas. Zanter der Ouverture vum neie Geschäft um Kierchbierg géif et reegelméisseg zu Abuse kommen.
Guill Kaempff, CEO vun enger Pâtisserie/Traiteur: “Mat engem Chèque-repas soll ee sech e ganzt Mëttegiesse kafe goen, mä da sinn d’Leit komm an hu sech eng Viennoiserie, e Croissant kaf vun engem Euro oder e bësse méi an da wollte se de Rescht vun de Suen zeréck. Dat ass an de lëschte Méint extrem opkomm. Op eemol hu mer misse soen: et ass Schluss.”
Konsequenz: Bezilt ee mat engem Pabeier Chèque-repas kann ee maximal 50% vun der Valeur vum Scheck als Boergeld zeréckkréien.
Guill Kaempff, CEO vun enger Pâtisserie/Traiteur: “Déi Marge op deene Schecke läit bei 2 bis 3 Prozent, déi een do muss oftrieden u Betriber, déi dës zur Verfügung stellen. A bei klenge Valeuren ass déi Marge, déi een dann op engem Croissant huet, séier opgebraucht.”Och bei enger vun de gréisste Bäckerei-Chaînë vum Land goufen et eng Rei Abusen. Sou, datt d’Decisioun koum, guer kee Boergeld méi ze rembourséieren, mä en Acompte. Duerch en technesche Problem zitt dat sech awer bis Ugangs nächster Woch.
Carole Muller, CEO Bäckerei-Chaîne: “Am Alldag heescht dat, datt fir déi, déi mat de Chèque-repas-Kaarte bezuelen, sech näischt ännert. Si kënne weider fir 40 Cent oder 2,3,5 Euro mat der Kaart bezuelen. Déi, déi mat Pabeier Chèques-repase kommen, kréien duerno op hirem Keesenziedel stoen, datt en Acompte mat der Differenz geschafe gouf. Deen ass 1 Mount laang gülteg, fir nees zeréck akafen ze kommen.”
Dem Gesetz vun 1986 no ass de Commerçant effektiv net obligéiert, Suen ze rembourséieren.
Carole Muller, CEO Bäckerei-Chaîne: “Mir si keng Bank. Mir kréien déi Sue vun den zoustännege Firmen och net direkt zeréck. An de Client wëll awer direkt seng Suen zeréck. Dat ass net eise Rôle.”D’Commerçanten hoffen, datt d’Pabeier-Versioun vun de Schecken deemnächst verschwënnt. An Zukunft géif souwisou just nach eng Entreprise iwwereg bleiwen, déi mat Pabeier viru fiert. De Konsumenteschutz fuerdert e Remboursement, op mat Boergeld oder iwwert e Bong. An eng Adaptatioun vum Gesetz zu den Titres Restaurant.
Nico Hoffmann, ULC – Konsumenteschutz: “D’Reglement muss iwwerschafft ginn, fir datt esou flu Interpretatiounen net méi virkommen.”
Ma wéini ass et hei esouwäit? Schrëftlech reagéiert de Finanzministère: “Am Koalitiouns-Accord ass virgesinn, dass de System vun de Chèques-repase sollt moderniséiert ginn. Dës Aarbechten an d’Gespréicher mam Secteur sinn aktuell um lafen. Mir hoffen dës an de kommende Méint kënnen ofzeschléissen.”
D’Betriber hoffen op jiddefalls op eng séier Resolutioun.