Boukelsser MillenEn Donneschdeg géint 15.35 Auer koum et zu engem déidleche Motorradsaccident

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg koum et op der Héicht vun der Boukelsser Millen zu engem Accident, bei deem eng 28 Joer jonk Motocyclistin ëm d'Liewe komm ass.
© Domingos Oliveira

D’Fra ass mat hirem Moto an e Fiels gerannt an ass nach op der Plaz un hiren uerge Blessure gestuerwen.

Wéi de CGDIS mellt, war den Ettelbrécker SAMU op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanz Nordstad, an d’Pompjeeë vu Géisdref a Wolz.

D’Strooss huet musse fir e puer Stonne komplett gespaart ginn. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op d’Plaz geruff ginn, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.

Back to Top
CIM LOGO