2023 wier e gutt Joer gewiescht, wat d’Spendebereetschaft zu Lëtzebuerg concernéiert. Dat seet esouwuel de Paul Heber vun der Unicef, wéi och de Luc Scheer vun der Croix Rouge. Un d’lescht Joer kéint een awer net uknäppen. Den Ukrainkrich huet dat Joer Done generéiert, wéi nach ni virdrun. “Et goufen och méi Spende gesammelt wéi fir d’Affer vum Tsunami 2004 a Südostasien”, erënnert sech de Luc Scheer.
D’Solidaritéit mat der Ukrain ass awer keng Iwwerraschung. “Wann iergendwou eppes geschitt, beweegt dat eis ëmsou méi, wann et eng Kris ass, déi méi no bei eisem Doheem ass”, weess de Paul Heber. Och de Luc Scheer nennt e Beispill: “Am Hierscht war bannt enger Woch d’Äerdbiewen a Marokko, an d’Iwwerschwemmungen a Libyen. D’Spendeverhale war ganz ënnerschiddlech, well et méi e grousse Bezuch zu Marokko gëtt wéi zu Libyen, wat vill méi wäit ewech schéngt.” Déi humanitär Konsequenze wieren awer bei béide Katastrophe vergläichbar gewiescht. Generell géingen d’Leit op Saache reagéieren, déi ganz plëtzlech geschéien, an déi staark mediatiséiert sinn.
Eng gewëssen Emotionalitéit an Empathie fir Mënschen, déi eis änlech sinn, spillt also bei der Spendebereetschaft mat. Un dës knäppt sécher och d’Iddi vun enger Aart Chrëschtdagskatalog un, déi d’Croix Rouge elo fir d’Feierdeeg verdeelt huet. “D’Iddi war fir dat unzegoen, wéi d’Supermarchéen”, erkläert de Luc Scheer. D’Leit sollen, wa se sech op d’Feierdeeg preparéieren, och un déi Leit denken, deenen et net esou gutt geet. Am Katalog ass zum Beispill e Schlofsak oder eng Jackett mat Präisser ofgedréckt. Mat der Aktioun wëllt ee Spende mobiliséieren, déi kënne fir ënnerschiddlech Zwecker agesat ginn. Am Land an am Ausland.
Fir d’Associatiounen ass d’Flexibilitéit vun den Donen immens wichteg. “Wann ee bei eis en Don mécht fir e spezifesche Projet, da ginn d’Suen och dohinner. Gläichzäiteg heescht dat, dass gewësse Plazen op der Welt vergiess ginn”, seet de Paul Heber. Bei der Unicef freet ee sech natierlech iwwer all Don. Vill hëllefe fir ze plangen, géingen awer déi reegelméisseg Spenden. Mat dëse Sue kéint séier reagéiert ginn, wann et néideg ass.
Trotz onsécheren Zäiten a Reduktioun vun der Kafkraaft wier d’Solidaritéit fir ze Spenden ëmmer nach do, betount de Luc Scheer. Chrëschtdag wier traditionell eng Zäit, wou d’Léit méi spenden. Suen, déi sécher gebraucht ginn, wëll d’Krise géingen net manner ginn.