Trotz Warnunge virun net-detonéierte SprengsätzBis zu 40.000 Leit op illegalem Rave op Militärsite a Frankräich

AFP, iwwersat vun RTL
Trotz Warnunge vun den Autoritéite virun net-detonéierte Sprengsätz hunn e Samschdeg am franséische Bourges bis zu 40.000 Leit un enger illegaler Rave-Party op engem Militärsite deelgeholl.
Trotz Warnungen vor nicht detonierten Sprengsätzen haben am Samstag auf einem Militärgelände in Frankreich bis zu 40.000 Menschen an einem illegalen Rave teilgenommen. Das Musik-Event in der Nähe der Stadt Bourges im Zentrum von Frankreich begann bereits am Freitag.
Bis zu 40.000 Leit sinn op den illegale Rave zu Bourges am Zentrum vu Frankräich komm
© AFP

D'Event war schonn e Freideg ugaangen, e Samschdeg huet en Ënnerstëtzer-Kollektiv fir Technopartye vu "35.000 bis 40.000" Participanten aus Frankräich an anere Nopeschlänner geschwat.

"Trotz hirem illegale Charakter" hu sech d'Autoritéiten ëm d'Sécherheet vum Evenement gekëmmert, esou déi zoustänneg Präfektur. Esou solle Stéierungen "besonnesch fir d'Residentë" begrenzt ginn. Ronn 600 Polizisten a 45 Pompjeeë waren am Asaz. Wéi d'Präfektur weider matdeelt, hätt d'Police zanter e Freidegnomëtteg méi wéi 30 Verstéiss géint d'Drogegesetz an iwwer 25 Verstéiss géint de Code de la route constatéiert. 12 Persoune goufe liicht blesséiert, véier goufe festgeholl.

E Representant vun der Regionalverwaltung sot der Noriichtenagence AFP géigeniwwer, de Site vum Evenement wier "wéinst net-explodéierte Projektiller, déi do kéinte sinn, extreem geféierlech". De Site géing zanter 150 Joer militäresch genotzt ginn, dowéinst géif d'Gefor vun "alen Artilleriesgranate" bestoen. D'Bëscher an der Ëmgéigend sollten dowéinst vun de Visiteuren onbedéngt evitéiert ginn.

E Samschdeg hat et vun den Autoritéiten iwwerdeems geheescht, datt Sprengstoffexperte hu mussen intervenéieren, nodeems an der Géigend vun enger Strooss, déi iwwert de Site vum Rave féiert, eng Granat entdeckt gouf.

Fir d'Visiteure vun der Party ass de Museksevenement virun allem eng Méiglechkeet, hiren Onmutt iwwer méi streng Reegele géint illegal Techno-Concerten auszedrécken. De Rave wier "e staarke Message géint Ënnerdréckung", sou eng 19 Joer al Visiteurin géigeniwwer der AFP.

Back to Top
CIM LOGO