
Den originelle Legodesign stellt dee geneeë Moment duer, wou de Sarg vum Grand-Duc Jean aus dem Palais gedroe ginn ass. Eng Rei Legosfigure sinn an den offiziellen Uniforme vun den Zaldoten a Scoute gekleet. Hannert dem Sarg stinn nach zwou Figuren, déi de Grand-Duc Henri an d'Marie Teresa duerstelle sollen.
Opgeriicht gouf dëse klengen awer léiwen Hommage vum Raphael Corberi, engem Reporter vu My Luxembourg. D'Biller vun dësem Wierk sinn am Moment op Facebook op der My-Luxembourg-Säit ze fannen.