City BreakfastEn neie Pop-Up-Café fir d'Charly's Gare gesicht

Claudia Kollwelter
Siwe Pop-Up Storen huet d'Stad Lëtzebuerg aktuell, an elo soll en neie Genre dobäi kommen, nämlech e Pop-Up-Café.
Archivfoto
Archivfoto
© Ville de Luxembourg

De Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes huet e Mëttwoch de Moien um traditionelle City Breakfast en Opruff fir d’Kandidature lancéiert. Konkret geet et ëm e Lokal op der Charly’s Gare, nieft dem Kyosk, wou d’Stad sech virstelle kéint, datt e klenge Café kéint dra kommen:

“Mir wëssen, datt et hei net sou evident ass, fir do een ze kréien, well et eng Plaz ass, wou net vill Flux ass, mee dat kann awer ganz interessant ginn an e flotten Treffpunkt gi beim Park an der Villa Vauban. Et wäert och d’Méiglechkeet ginn, eng kleng Terrass ze maachen.”

City Breakfast / Reportage Claudia Kollwelter


D’Lokal huet eng Surface vun 41 Metercarré. Interesséiert kënne vun e Mëttwoch, dem 20. Abrëll un a bis den 8. Mee hir Kandidatur eraginn. Dat Ganzt soll iwwer sechs Méint lafe mat engem Loyer vu 650 Euro. Weider Informatioune fënnt een ënnert popup.vdl.lu.

Opruff fir Kandidature fir de Pop-up Café fir d'Charly's Gare

Back to Top
CIM LOGO