2 Joer no den IwwerschwemmungenEn neien ale Park fir déi Iechternacher

Anne Wolff
2 Joer no de schroen Iwwerschwemmunge gëtt elo den Iechternacher Park reamenagéiert.
En neien ale Park fir déi Iechternacher
2 Joer no de schroen Iwwerschwemmunge gëtt elo den Iechternacher Park reamenagéiert.

No villem Hin an Hier a well de Park klasséiert ass, gëtt en elo an den Zoustand vun 1947 versat. Do ass nawell vill Aarbecht ze maachen. Allerdéngs schéngt een ee Punkt net esou richteg duerchduecht ze hunn.Op alle Fall duerchduecht a mat enger Etüd ënnermauert ass dat neit aalt Konzept fir de 500 Joer ale Park. 4 Méint Aarbecht stiechen eleng an der Recherche vum Historiker Marc Schoellen, deen zesumme mam Gaardenarchitekt Emmanuel d‘Hennezel d‘Konzept vum Park ausschafft.

An enger éischter Phas bis an de September gëtt d‘Häerzstéck virun dem Pavillon restauréiert an d‘Hecken-Ornamenter nei ugeplanzt. Och d‘Fontaine soll nees spruddelen.

De Parc soll nees manner Bësch ginn. Iwwert d‘ Jore wieren d‘Beem einfach ze héich ginn, dofir géif et net méi genuch Gestrëpps, erkläert den Historiker Marc Schoellen. Doduerch wier den aktuellen ökologesche Wäert net esou héich, wéi ee vläicht géing mengen, vill Beem wieren an engem schlechten Zoustand. Et wier wichteg, dass deen neie Park och en neit Biotop géing ginn, soss hätt de Reamenagement kee wäert.

Dat géing awer net heeschen, dass geschwë Beem ewech gemaach ginn, seet de Gaardenarchitekt Emmanuel D‘Hennezel. Hien ass op d‘Restauréierung vun historesche Parke spezialiséiert. Fir de Moment géif ee probéieren, duerch Plazen vun Hecken erëm méi kloer Oftrennunge vun helle Plazen a Schiet ze kréien. Ob de Minigolf historesch genuch ass, fir Plaz an dem Konzept ze fannen, ass nach net kloer.

Nach keng Preventioun géint Iwwerschwemmungen

Et war net déi éischt Iwwerschwemmung zu Iechternach a sécher net déi Lescht, ma preventiv Mesurë sinn aktuell net virgesinn. Do misst ee sech nach eemol mat den anere responsabelen Administratiounen zesummesetzen, seet d‘Elisabeth Koltz, responsabel fir de Patrimoine religieux a paysagier beim INPA.

D‘Reiwereie mat der Gemeng wieren esou wäit ad acta geluecht. Dat confirméiert eis och déi nei Buergermeeschtesch Carole Hartmann (DP). Et wéilt een an Zukunft zesummeschaffen, fir rëm méi Leit an de Park ze kréien. D‘Restauratioun ass op 5 Joer ugeluecht, ee fixe Budget gëtt et dofir net.

Back to Top
CIM LOGO