BrexitEn No-Deal mécht der Cargolux nawell Suergen

Joel Detaille
Hei stellen sech bei der Cargolux virun allem Froen iwwer d'Iwwerfluchrecht an iwwer d'Tëschelanden.
© RTL Archiv

Wann Lëtzebuerg op de Brexit kuckt an de Zeenario vum No-Deal consideréiert, da mécht dat nieft dem Finanzberäich, ganz sécher och der Cargolux nawell Suergen.

En EU-Accord dee viséiert ass, soll virgesinn, dass Fracht-Fligeren aus der EU solle kennen a Groussbritannien landen, fir ze tanken, fir kommerziell Zwecker a fir technesch Stopps, respektiv d’Land och iwwerfléien däerfen. Dat gëllt da fir britesch Fligere genee sou.

Fir d’Cargolux ass awer nach déi sougenannte 5. Fräiheet vill méi kruzial, nämlech dass si d’Autorisatioun kréien, de Service aus engem Drëttstaat an engem anere Land ze iwwerhuelen. Beispillsweis Fracht aus China a Schottland aus ze lueden an da weider ze fléien. Genee dat ass awer net am Plang vun der Kommissioun virgesinn, wat also e Problem duerstellt, deen dem DP-Fraktiounschef Eugène Berger no, ze kläre bleift. Hei géifen natierlech och wirtschaftlech Interessen am Raum stoen, bei deenen een net weess, wéi et weider geet.

Eugène Berger - Fluchrechter net gereegelt

Och fir den CSV-Deputéierte Laurent Mosar stellt dëst eng kruzial Fro fir déi zukünfteg Aktivitéite vun der Cargolux duer. Et wier wichteg fir d'Cargolux och an Zukunft kënnen a Groussbritannien tëschenzelanden. Hei géif d'CSV och ganz genee kontrolléieren, dass d'Regierung all Méiglechkeet consideréiert, fir dëse Problem an de Grëff ze kréien.

Laurent Mosar - Kruzial fir d'Cargolux

Am Dezember hat de Premier Xavier Bettel an deem Sënn schonn e Bréif un d’EU-Kommissioun geschéckt. Et gëtt och schonn eng Äntwert vum Jean-Claude Juncker, deen dat awer net wëll virgesinn. Et geet ëm politesch Muechtspillereien, tëscht Bréissel a London, déi also nach ze kläre bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO