
Notamment wat Sécherheet respektiv Hygiènes -Consignen op de Schantercher ugeet, sou de Generalsekretär vun der Federatioun, Romain Schmit am RTL-Interview um Donneschdeg de Mueren.
De Romain Schmit ënnersträicht awer och, datt net all Handwierksbetrib et wäert packen, fir no der Zwangspaus nees op d'Been ze kommen.
Mat de Gewerkschaften géif elo gekuckt ginn, fir déi verlueren Zäit nees esou gutt et geet eranzehuelen.
E normalen Congé collectif dës Summer, kéint sech de Romain Schmit op alle Fall net virstellen.

Gewerkschaften iwwer d'Reprise um Bau: Ob Reegelen um Terrain agehale ginn, gëtt iwwerwaacht