Alldag a Russland ënner SanktiounenEn Temoignage vun engem Lëtzebuerger zu Moskau

RTL Lëtzebuerg
Russland kritt den Ament wéinst der russescher Invasioun op d'Ukrain d'Sanktiounen ze spieren. D'Land rëtscht grad an eng Wirtschaftskris.

Grondliewensmëttel ginn deels knapp, d’Inflatioun klëmmt an all Dag verloossen Entreprisen d’Land. Wéi erliewen d’Leit a Russland d’Situatioun a wéi gesäit den Alldag dohannen aus? D’Sabrina Backes huet mat engem Lëtzebuerger geschwat, deen den Ament zu Moskau studéiert.

En Temoignage vun engem Lëtzebuerger zu Moskau

De Student wëll gären anonym bleiwen. Et misst een oppassen, wat ee géing soen, eleng de Krich wierklech e Krich ze nennen, wier scho verbueden: “Et ass wierklech komplizéiert, eng Meenung ofzeginn. Och virdru war et relativ komplizéiert, mee elo méi wéi ni. Ech mengen, ech wëll och kee Risk huelen, ech sinn nëmme Student hei, fir e puer Méint hei. Ech wëll d’Lag net nach méi komplizéiert fir mech maachen.”

Et wier och schwéier, fir un Informatiounen ze kommen, déi net vun den offizielle Staatsmedie kommen. Zanter dem Ufank vum Krich hunn onofhängeg Medien d’Land verlooss.

“Ech kréie meng Informatiounen nëmmen iwwer VPN, fir iwwer Twitter da meng News ze kréien. An all déi Bloggeren, déi iwwer d’Aktualitéit schwätzen, déi sinn all am Ausland.”

Wéi d’Leit a Russland iwwer déi aktuell Situatioun denken, wier schwéier anzeschätzen. D’Russe wieren zréckhalend, se géingen an der Ëffentlechkeet net wierklech doriwwer schwätzen. Déijéineg, déi sech traue géingen, misste mat Konsequenze rechnen.

Dat huet de jonke Lëtzebuerger och op senger eegener Uni materlieft: “Op menger Uni si schonn zwee Proffen entlooss ginn, well se op Facebook de Krich kritiséiert hunn. Et sinn och vill Proffen an Armenien oder Georgien geflücht, well se ze vill à Risk sinn.”

Am grousse Ganze géing den Alldag zu Moskau awer relativ normal weidergoen. Am Supermarché géing een erëm genuch Liewensmëttel kréien. “Ech gesinn elo kee Rationnement oder sou Saachen. Obwuel e puer Beispiller kann een ëmmer fannen. Mee e wierkleche Problem ass d’Inflatioun. An ech mengen, wann ech et mierken, dann ass jiddereen dovunner betraff.”

Et hu sech och gréisser westlech Entreprisen aus dem Land zréckgezunn, wéi zum Beispill McDonald’s. Dëst wier awer bis elo net bei ville Firmen de Fall: “Et sinn nach vill grouss Ketten, déi nach op sinn, obwuel si offiziell gesot hunn, dass si zou sinn. Ech mengen, si hunn do net d’Kontroll doriwwer, wat um lokalen Niveau geschitt.”

Wien awer schlussendlech ënner dëse Changementer leide géing, wiere virun allem d’russesch Bierger a Biergerinnen. Duerch déi aktuell Situatioun géingen d’Ongläichheeten tëscht Aarm a Räich nämlech ëmmer weider verschäerft ginn.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO