Steierlech Entlaaschtungen, Krisemesuren, Indextranchen!En Vue vun der Tripartite e Freideg, bilateral Gespréicher um Dënschdeg

RTL Lëtzebuerg
Am Virfeld vun der Tripartite gesäit d'Regierung en Dënschdeg de Mëtteg d'Sozialpartner fir Eenzelgespréicher am Sennenger Schlass.

Steierlech Entlaaschtungen, Krisemesuren, Indextranchen / Reportage Pit Everling

Fir d’éischt d’Patronat an dono d’Gewerkschaften. D’lescht Woch hat de Premier jo getwittert, dass ee mat de Preparatioune fir d’Tripartitesronn amgaange wier, fir “dass een och an dëser Ronn, am Sozialdialog, Mesurë kéint huelen, déi de Leit an de Betriber zegutt kommen”. D’Gewerkschafte fuerdere jo unisono en Upasse vun de Steiertabellen un d’Inflatioun.

D’Betriber si gespaant, wéi et mat enger drëtter Indextranche, Enn vum Joer, ausgesäit, déi de Staat versprach huet ze iwwerhuelen.

Eigentlech sollt et op der Tripartite net ëm Steiere goen, mee OGBL, LCGB a CGFP fuerdere jo eng Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun. Dat well no all Indextranche, d’Leit duerch d’kal Progressioun méi Steiere bezuelen an deemno duerch eng Tranche manner Netto kompenséiert kréien, ewéi wann d’Barèmë géingen ugepasst ginn.

Op enger Reunioun de leschten Dënschdeg hunn déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng sech mat där Fro befaasst. Déi Deeg drop an elo nach géing weider aktiv dru geschafft ginn, huet et vu Participante geheescht. D’Fuerderung vun de Gewerkschaften huet eisen Informatiounen no awer wéineg Chance sech duerchzesetzen. Wat awer net bedeit, datt op der Tripartite keng Mesurë kommen, fir der kaler Progressioun entgéintzewierken.

Firwat d’Regierung am Géigesaz zu eisen Nopeschlänner keng Upassung wäert maachen, huet puer Grënn. Engersäits géing eng Upassung bedeiten, datt de Staat bis zu oder méi ewéi 1 Milliard Euro manner Recettë géing déi nächst Joren erakréien. Or, de Sputt ass just vun eemol 500 Milliounen Euro. D’DP-Finanzministesch Yuriko Backes hat dowéinst eng Upassung e Méindeg hei op RTL als “net verantwortlech” qualifiéiert. E bësse wéi 2012, wéi d’CSV-LSAP-Majoritéit déi automatesch Upassung ofgeschaaft huet, refuséiert d’DP eng Upassung aus budgetäre Grënn. Weeër fir et mat méi héije Spëtzesteiersätz géigen ze finanzéieren oder duerch Aspuerunge beim Staat wëll d’Regierung net goen.

Anerersäits bleift d’DP hirer Finanzministesch no der Meenung, datt mat enger Upassung vum Barème déi méi héich Gehälter besser ewechkommen. D’LSAP, d’Chambre des salariés an ergo d’Gewerkschaften hunn zwar Modeller virgeschloen, wou d’Upassung esou géing gemaach ginn, datt besonnesch déi ënnescht Revenue géingen entlaascht ginn. Der Yuriko Backes no wieren déi Upassungen awer nach méi deier ewéi eng normal Upassung.

Eisen Informatiounen no ginn et awer nach weider Argumenter géint eng Upassung vum Barème. An zwar den Timing: se misst entweder retroaktiv op den 1. Januar applizéiert ginn oder réischt den 1. Januar 2024, no de Walen also, a Kraaft trieden. Donieft kéinte sech, wa se net linear gemaach gëtt, Froen am Zesummenhang mam Egalitéitsprinzip virun de Steiere stellen.

D’DP-Deputéiert Carole Hartmann hat och virun 3 Woche am RTL-Interview gesot, datt Steierkreditter manner “komplex” wieren. Net just méi einfach a méi séier ëmsetzbar: se erméiglechen, méi einfach cibléiert oder selektiv virzegoen. De Steierkredit “Energie”, deen am Abrëll ewechfält, wann d’Indextranche, déi d’lescht Joer verréckelt gouf, erfält, war cibléiert an huet an deene meeschte Fäll déi ënnescht Akommeskategorie méi entlaascht ewéi déi méi héich Kategorien. Souguer iwwerkompenséiert, sou wéi d’Regierung am Mäerz d’lescht Joer proklaméiert hat. Deemno deit sech un, datt d’Regierungsparteie sech wäerten eens ginn, fir nei Steierkreditter anzeféieren, déi op een oder zwee Joer limitéiert wieren. Déi kéinte geziilt agesat ginn a besonnesch deenen zegutt kommen, déi et am meeschte brauchen.

Eng kleng Tatsaach («fun fact») um Schluss nach: d’CSV an d’LSAP hate fir 2009 eng Upassung decidéiert an zwar vun 9%. Dat op engem Waljoer. D’DP hat deemools vun der Oppositiounsbänk aus Drock gemaach, fir de Barème unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO